Prog-Rock? Jazz? Oder awer léiwer Elektro? Alles kee Problem an alles an enger Stonn Am Takt ënnerzekréien. Déi Kéier mat dobäi The No Name Experience, d'Miss Sappho an de Michel Meis.

22/05/2023 Am Takt: The No Name Experience, Miss Sappho & Michel Meis
RTL

Mat enger Tréin. Wien erënnert sech net un den Evergreen aus den 90er. No Name haten deemools de richtegen Nerv geroden an hu virun 30 Joer e Stéck zur Lëtzebuerger Museksgeschicht bäigedroen. Haut heescht No Name, The No Name Experience, an et gëtt nach ëmmer Prog-Rock gemaach, am Februar ass hir nei Plack Life 3.0 erauskomm.

22/05/2023 Am Takt: Tnne
RTL

Weider da mam Miss Sappho. Domat ass elo net déi griichesch Lyrikerin gemengt, mä d'DJane Mandy Boehm, déi iwwer déi lescht Joren eng impressionnant Karriär hannert dem Mëschpult gemaach huet an et gesäit net sou aus, wéi wann et an nächster Zäit wäert méi lues viru goen.

22/05/2023 Am Takt: DJ Serie - Miss Sappho

A sou laang et nach schéin an opreegend bleift, wäert d'Miss Sappho weiderhinn d'Plaz hannert dem DJ-Pult besetzen, sou vill ass garantéiert. Wien dat eng Kéier well live materliewen, dee fënnt, wéi gewinnt, déi nächst Datumer op eisem Site oder op de soziale Medien vum Miss Sappho.

RTL

De Michel Meis hat sech dann och nach op de Kierchbierg verlaf fir den 3. Album vu sengem Quartett virzestellen. Lollipop Moment gouf d'Plack gedeeft, eng Allusioun un d'Lutsch déi bei de meeschte Leit e gutt Gefill ausléist. Virgestallt gëtt déi nei Musek ënner anerem am Gudde Wëllen an zu Wolz, a wie frou mat Jazz ass hätt souguer besser déi 2 Concerte kucken ze goen, well bei all Show d'Musek anescht ass. Firwat erkläert de Michel Meis am Interview

22/05/2023 Am Takt: Michel Meis

An et bleift nach d'Playlist vun dësem Episod....