Dës Woch ass e bëssen eng méi lass hei zu Lëtzebuerg, deemno och bei eis am "Am Takt".

18/09/2023 Am Takt: Misoley a Brooze
RTL
18/09/2023 Am Takt: Brooze

Fir d'éischt emol: de Brooze bréngt een neien Album eraus. "Vu Schëffleng bis op Esch an erëm zeréck" ass d'Suite vu sengem éischten Album, mat deem hie sech viru 4 Joer een Numm an der Lëtzebuerger Rap-Zeen gemaach huet. Gefeiert gëtt den 23.September mat engem Release Concert an der Rockhal.

RTL

© Commune de Steinfort

18/09/2023 Am Takt: Misoley

De MiSoLey war am November 2022 fir d'Lescht bei eis zu Besuch an huet zanterhier eng ganz Rëtsch nei Musek erausbruecht a Concerten uechter Lëtzebuerg gespillt. Notamment, kënnt den 22.September eng nei Single eraus, also een Dag éier hien an de Rotondes beim "On Stéitsch" optrëtt.

RTL
18/09/2023 Am Takt: 20 Joer SACEM Lëtzebuerg

Och an de Rotondes gëtt et och en Donneschden eppes fir d'Oueren. Fir der SACEM Lëtzebuerg hiren 20.Anniversaire ze feieren, trieden hei nämlech eng ganz Rëtsch Museker op, ewéi zum Beispill d'Nicool, de Gast Waltzing a Jean-Jacques Mailliet, de d'Claire Parsons oder och Balthasar - Leen - Rosenfeld - Moreira.

Hei dann nach d'Playlist vun dësem Episod: