
Eng nei Single, eng nei EP an een neien Album - dat alles gouf den Owend "Am Takt" thematiséiert, gläich mat 3 Invitéeën.
Un den Jjay ka sech villäicht nach deen een oder aneren erënneren. Hie war nämlech och schonn am Juni 2023 zu Besuch a gouf do als "Newcomer" an der Lëtzebuerger RnB-Szeen gehandelt. Den Ament schafft hien u mengem Debut-Album "Love's Labyrinth", deen am Mäerz 2024 soll erauskommen. Mir krute schonn e klenge Virgeschmaach a Form vun der Single "Together", déi de 25.November erauskënnt, hien eis awer schonn als Live Session zum Beschte ginn huet.

Déi zweet Invitée vum Owend war déi jonk Sängerin Mæhila, déi am Pop an RnB Doheem ass a souwuel op englesch wéi och op franséisch Lidder schreift. Dat konnt een elo och erëm op hirer Debut-EP * entdecken, déi leschte Freiden erauskoum an ëm déi et an eisem Interview gaangen ass.

Single an EP si couvréiert! Ma da war och nach de Culture The Kid erageschalt ginn. Hien huet nämlech en neien Album um Start mam Titel "Are You Not Entertained?". "Entertained" gi mir och um Album Release Concert de 25.November an de Rotondes, sou de jonke Rapper.

A fir an aller Schéinheet ofzeschléissen, hei nach d'Playlist vun dësem Episod: