Leschten Episod fir de Mount November. 2 Artisten hate sech dës Kéier ugemellt; de Sacha Hanlet, bekannt duerch Mutiny On The Bounty an Them Lights, an de Francisco Fernandez vun The Ferocious Few.

27/11/2023 Am Takt: Them Lights & The Ferocious Few
RTL

Eng Résidence an engem Kulturhaus ass u sech näischt Aussergewéinleches. Beim Sacha Hanlet awer schonn, seng Résidence an der Kulturfabrik zu Esch dauert nämlech 4 Joer. An där Zäit huet de Sacha d'Geleeënheet sech a seng Musek ze perfektionéieren. D'Resultat kritt een d'nächst Joer a Form vun der EP DRK presentéiert. Fir de Rescht vum Joer stinn elo mol nach 2 Concerten an d'Haus, deen ee ganz intim an der Mesa Verde an deen Anere mat der komplett nei ausgeschaffter Show am Gudde Wëllen. Wat de Sacha an der Kufa alles gemaach huet a firwat den ESC fir hie keen Thema ass, huet hien am Interview erkläert.

27/11/2023 Am Takt: Them Lights
RTL

An och de Francisco Fernandez hat sech dës Kéier op de Kierchbierg verlaf. De gebiertegen Amerikaner lieft elo zënter 5 Joer zu Lëtzebuerg a geet och hei senger Passioun, d'Musek, no. Viru kuerzem war hien nach zu Nashville fir do seng Musek anzespillen, déi dann elo all Woch, ëmmer Dënschdes, a Form vun engem Video erauskënnt. Wéi de Francisco iwwerhaapt op Lëtzebuerg komm ass, firwat d'Westcoast The Bestcoast ass, a wou d'Rees an Zukunft iwwerall higeet -> am Interview mat 2 akustesche Lidder.

27/11/2023 Am Takt: The Ferocious Few

Feelt nëmmen nach d'Playlist vun dësem Episod: