Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Max Weber Sources Rosport RTL Spot 1
Max Weber Sources Rosport RTL Spot 2
Max Weber Sources Rosport RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Digicash : A 5 Sekonnen eng Rechnung kënne bezuelen ass eng reel Innovatioun an erliichtert villes.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Sushi : Sushi geet bei mir ëmmer, ob Summer oder Wanter, Mettes oder Owes.

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Harlan Coben : In deinem Namen : Ech liese gäre Krimien, dacks vu Sakndinaveschen Auteuren. Hei hun ech mol en Amerikanesche probéiert a sin nët enttäuscht

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
D'Schläifmillen : Meng Liblings-Lafstreck geet vum Hesper Park iwer d'Schlaïfmillen op d'Polvermillen an ass einfach wonnerschéin well een d'Saisonen richteg spiire kann 

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Den Iergärtchen : Fiirwat brauch ech, mengen ech, kengem zu Lëtzebuerg z'erklären

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
D'selwecht Paie fir Fräen a Männer : Ech gesi kee Grond firwat dat nët esou sollt sinn

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
E kléngt Appartment um Stau : Sou kann wann ech Moies opstoen, op d'Waasser kucken an dauche goen ouni mussen am Summer eng Parkplaz ze sichen

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Luuchte fir a mäin Haus

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
All Dag am Joër kann dee Schéinste sinn, dat hängt net um Dag, mee un der Astellung

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
E gudde Pinot Gris vun eiser Musel

Mäin Dramauto wier en… ?
E BMW Z-1, e Cabrio ouni Dieren, wou gëtt et haut nach esou eppes…

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
RTL.lu ass mä stännege Begleeder fir Trafic News, Wieder mee och Noorichten vu Lëtzebuerg an op der Welt

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Egal wou, haaptsaach mat Leit mat deenen ech frou sinn, d'Plaz ass net wichteg

Wat ass Äert Liblingslidd a firwat ?
Counting Crows : Round here : E Lidd wat op all Concert vun dëser Band anescht gespillt gëtt an einfach zäitlos a senger Komplexitéit ass

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Leit, déi nët dat maachen, wat së soën, genausou wéi Leit déi eppes soën an et nët maachen

Wat ass Äert Idol a firwat?
Ech hu keng Idoler, all Mensch ka fir een anere Mensch en Idol sin, dat Wichtegst ass sech trei bleiwen, da brauch ee keng Idoler

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Déi schéinste Plaz ass ëmmer do wou ee mat engem anere Mensch glécklech ass. Dat kann och doheem an der Bidde sinn ;-)

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
La vie d'Adèle vum Abdellatif Kechiche : Déi schéinsten an trauregst Liebesgeschicht déi ech jeh gesinn hun, gedroe vun einfach genialen Actricen

RTL ass fir mech… ?
E Stéck doheem