Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Abby Toussaint RTL Spot 1
Abby Toussaint RTL Spot 2
Abby Toussaint RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
facebook well et eng flott Méiglechkeet ass ze kommunizéieren an a Kontakt mat Leit ze bleiwen, déi ee soss net gesäit

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Gromperen. Well se villsäiteg sinn a quasi zu Allem passen. Sou eng Gromper ass eppes Buedemstänneges, dat gefällt mer

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
E Sylt-Krimi - well ech virum Aschlofen kaum méi wéi 2-3 Säite packen, dauert et just méintelaang an dofir mecht "leichte Kost Sënn)

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Miersch well een einfach alles huet an trotzdem vill Rou a Natur fënnt

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Intoleranz . All Mënsch huet d'Recht säi Liewen sou ze liewen wéi e brauch fir glécklech ze sinn, soulaang e sech un d'Gesetzer hält a kengem Anere schued

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Genuch Logementer fir Leit mat wéineg Revenu well et en Thema ass, dat ville Leit d'Liewe schwéier mecht

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Zäit fir näischt ze maachen a regelméisseg auszeschlofen

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Musék

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Mäi Gebuertsdag, en Dag deen ech mer zanter Joere schonn ëmmer fräihalen fir mat Frënn a Famill ze feieren

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Krunnewaasser a wann et ëm Alkohol geet Crémant vun heiheem

Mäin Dramauto wier en… ?
Ferrari mee well en onverstänneg deier an onverstänneg an der CO2 Bilanz ass, bleift et en Dram

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Abby Toussaint glécklech gestuerw, just dat mam selwer liesen klappt dann net méi

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Fir vill ze surfen bleift mer, ausser deene Siten déi mat der Aarbecht ze dinn hunn, keng Zäit

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Meng Gebuert, ech ka mech zwar net drun erënneren, mee dat ass jo dacks no grousse Partyen esou ;)

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Am Moment ass Rhodos meng Liblingsdestinatioun well ech do absolut Rou fannen

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Knockin' on Heavens' Door well et e Stéck vu menger Jugend ass an ech et och no sou ville Joeren ëmmer nach gutt fannen

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Falschheet an Ongerechtegkeet

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mat mengem Papp well et souvill Saache gëtt, déi ech him nach soë wéilt

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Doheem, well egal wéi schéin et enzwousch ass, sinn ech ëmmer nees frou wann ech zeréck sinn

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Ech halen zu eise Mierscher Veräiner, egal wat fir eng Sportart

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Rainman hunn ech bestëmmt 10 mol gesinn, e brillanten Dustin Hoffman an en Thema dat eis zum Nodenken brénge sollt, wéi mer Mënsche gesinn, déi anescht sinn wéi mir. Do ass och haut nach vill ze maachen.

RTL ass fir mech… ?
E Stéck Lëtzebuerg