Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Martin Antony RTL Spot 1
Martin Antony RTL Spot 2
Martin Antony RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Whats App, well een sech an der Famille oder Frënn a Gruppen Foten verschecke kann.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
definitiv Spaghetti Bolo, well et mir extrem schmacht…

Wéi e Buch liest Dir den Ament?
Ech liese keng oder wéineg Bicher. Ech liesen Zeitungen. Fachzeitschreften iwer mäi Beruff, Geo Zeitung, Autobild oder Wanderzeitungen

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
D'Musel, well ech do gebuer sinn. A well d'Wasser mech berouegt, a well mir do gudde Wäin maachen;-)

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Radare,well ech schon e puer mol geblëtzt gi sinn, an ëmmer puer kmh zevill. An ech si kee Raser!

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
An der Grondschoul aus Bastele Werkele maachen, de Kanner d'Handwierk nach méi mat praktescher Erfarung nobrengen, well mir drengend qualifizéiert Handwierker brauchen

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Keng iwerflësseg Mailen ze kréien. Zevill Leit verschécke Mailen, déi Zäit eweg huelen aplaz mateneen ze schwätzen an ze klären.

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Stëpp fir an d'Nues fir manner ze ronken

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Chrëschtdag, well do d'ganz Famille zesummen kënnt..

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Roude Wäin

Mäin Dramauto wier e… ?
Buggati Veron

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Dee feieregste Patron vu Lëtzebuerg :-)

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
RTL.lu, wéinst den News, fir dass ech mattkréie wat am Land geschitt.

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
D'Gebuert vu menger éischter Duechter, well ech faszinéiert wor, zu wat mir Mënsche fäeg sinn a wéi fenomenal eis Natur ass

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
An d'Schwäiz, well ech do bal alles vun der Natur hunn. Bierger fir Ski, Velo oder spadséieren, Séier fir ze schwammen. An extrem authentesch!

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Heading Up High" vum Armin van Buuren, well et mech am Auto oder am Sport extrem motivéiert

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Matmenschen, déi permanent negativ agestallt sinn, onzefridden a permanent um Nörgele sinn

Wat ass Äert Idol a firwat?
De Michael Jordan, well et an der Zäit de beschten a konsequente Basketballspiller wor, a mat sengem Numm haut souguer Kleeder fir de Fussball produzéiert

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
De Günther Jauch, well ech der Meenung sinn, dat de Mann eng gehierlos Allgemengbildung an e super Humor huet, sou dat den Tête-à-Tête sécher net langweileg get. 

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Doheem, well ech vill ënnerwee sinn, an doheem bei menger Famill meng ënnerlech Rou fannen

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Déi Lëtzebuerger Nationaléquipe am Fussball. Ech verstinn net vill vu Fussball, awer ee vu menge beschte Kollegen ass de Luc Holtz, sou dat ech awer vill Matcher kucke ginn.

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
A Star is Born, well ech gaer Musékfilmer kucken an ech do Pipi an den Aan hat, an ech zanter dem Film begeschtert si vum Lady Gaga, wat ech virdru guer net wor.

RTL ass fir mech… ?
Eng Firma, dei mech duerch den Dag begleet, a mech stänneg op den News hält.