Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Annette Stempels RTL Spot 1
Annette Stempels RTL Spot 2
Annette Stempels RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Whatsapp - geet séier an einfach fir ze kommunizéieren

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Eng gutt Zalot an all Zorten Zoppen - hun Zoppen einfach immens gären

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
"Das andere Kind" vum Charlotte Link 

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Um Burfelt -  d'Aussicht op eise Stau

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
De Verkaf vu Krichswaffen  - keng Kricher méi an der Welt

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Dass am Schoulprogramm zu all Joreszäit eemol an der Woch eng Outdoor-Aktivitéit misst gemach gin 

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Duerch d'Welt reesen  - fir mir vun de verschiddene Kulturen e Bild ze machen

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Gezei vun menger Liblingsmark déi ech de Moment a kengem Buttek hei heem fannen

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Kreschtdag - dann ass déi ganz Famill zesummen

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Crémant

Mäin Dramauto wier en… ?
G Klass

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Ech brauch keng Iwwerschrëft iwwer mech

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
www.krounebierg.lu - do schaffen ech a kucken op d Info'en fir all Client do sinn a richtig sinn

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Wéi meng Meedercher op d'Welt komm sin - ganz emotional

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
An d'Bierger mam Rucksak - do muss ee sech wirklech op sech an den Moment konzentréieren

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Bohemian Rhapsody vu Queen

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Frech an onéierlech Leit

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mat mengem Mann - well ech mech da ganz wuel spieren

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Um Sommet vun engem Bierg - hei spiert ee wéi kleng ee selwer ass a wéi gewalteg d'Welt ass

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Forrest Gump - dee Film stëmmt een immens positiv

RTL ass fir mech… ?
Zanter ëmmer de Radio vu Lëtzebuerg