Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Fabio Secci RTL Spot 1
Fabio Secci RTL Spot 2
Fabio Secci RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Threema fir secher kënnen ze kommunizéieren.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Cacahueten am Ganzen… well mech dei ganz Prozedur fir se opzemaache berouegt

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Ech hu ganz wéineg Zäit fir ze liesen … ech fänken dofir grad "Predictably irrational" fir t'4. un :-)

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Remeleng, well ech do opgewuess sinn.

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Intoleranz bei alle Mënschen --> duerno géing et der Welt besser goën

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Respekt am Emgang mat alle Matmenschen, well den Haass da géing ofhuelen an d'Intoleranz och (doppelt gemoppelt)

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
1 Joër duerch déi ganz Welt reesen: fir auszespaanen an et elo nach ze maache, wou et mir gudd geet an ech mobil sinn

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
En Hairtrimmer fir meng Hoër um Kapp ze schneiden

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
De Gebuertsdag vu menger Partnerin --> well mer dee sëcher emmer zesummen an engem fantastesche Kader verbrengen

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Spruddelwaasser am meeschten, ee gudd Glas Wäin am léifsten

Mäin Dramauto wier en… ?
En Auto deen am Verkéier, deen haut ass, eleng fiert… idealerweis mat engem Porsche-Logo drop :-)

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Dem Secci geet et ëmmer ëm d'Saach an net ëm sech selwer!

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Divers Medien fir mir eng equilibréiert eege Meenung zum Geschéien an der Welt ze machen

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Den Dag wou meng Zwillingsmeedercher op d'Welt komm sinn, well d'Liewen do zimlech automatesch manner ëm ee selwer gedréint huet

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Sardinien, well et meng 2. Heemecht ass (mäin Papp ass vun do)

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Sledgehammer vum Peter Gabriel, well et meng Jugend speziell geprägt huet

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Domm Leit… et ginn der leider ëmmer méi!

Wat ass Äert Idol a firwat?
Louis de Funès: well hien d'Leit un d'Laache krut an haut nach ëmmer witzeg ass.

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mat menger Mamm… well se gestuerw ass an ech nach esouvill mat hir ze beschwätzen hat.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Bahamas, Tauchen am Blue Hole: d'Rouh, d'Gefor an den Adrenalin wann dei falsch Zort Haifësch optaucht.

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Juventus Turin… vu Kand un… do gët et keng logesch Erklärung dofir, daat ass einfach esou.

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Life of Brian: well et eigentlech genee beschreift ewéi lächerlech dee ganze religiéise Fanatismus ass

RTL ass fir mech… ?
Dee Medium, mat deenen een am meeschte Leit erreecht