Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Carole Muller RTL Spot 1
Carole Muller RTL Spot 2
Carole Muller RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Pinterest, well ech do emmer gudd Iddien kréien, op et fir ze kachen ass, fir nei Produkter fir Fischer ze fannen oder fir mat menge Kanner ze bastelen

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Am Moment Glace, egal op Vanille oder Sorbet - am Summer passt alles

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Camilla Läckberg - La cage dorée, well bis elo nach all seng Bicher mir gutt gefall hun

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
D'Stad, well et do ëmmer eppes ze kucke gett, op dat Animatioune sin, fir shoppen ze goen oder fir gutt z'iessen

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Mustiken, mee wien huet déi scho gären

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Eng Weltrees, well et nach esou vill wonnerschéi Plaze ginn, déi ech nach net gesin hun

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Sandauere fir datt meng Kanner besser d'Zäit aschätze kënnen

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Cola, well déi esou gutt erfrëschend ass

Mäin Dramauto wier en… ?
Cabrio, am Summer ass daat einfach een immenst Gefill vun Fräiheet

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Lemonde.fr, well ech mech schon emmer fir franséisch Politik interesseiert hun

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
D'Gebuert vun menge Kanner

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Emmer irgendwou anescht fir eppes neies ze entdecken

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Regulate vu Warren G - gutt Erënnerungen aus dem Lycée

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Wann een säi Wuert net hält

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Michelle Obama - eng immens staark an inspiréierend Fra

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Schwäiz, well do alles ass - Bierger, Séie, flott Stied

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Île aux Clowns, well si eng super Aarbecht maachen a krank Kanner erëm zum Laache bréngen

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Inception - well ech et spannend fannen fir seng Dreem kenne selwer ze gestalten

RTL ass fir mech… ?
News, gutt Musek an eng gutt Stëmmung