Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Michel Welter RTL Spot 1
Michel Welter RTL Spot 2
Michel Welter RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
tinybeans: eng App designed fir Nowues/Baby-Photoe matt der Famill/Frënn ze sharen... Sorry.. Virun e puer Méint Papp gin :-)

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Pasta... Well do de roude Wäin esou gutt dobäi passt

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
"In the garden of beasts", vum Erik Larson. Ech hoffen, datt dest verfilmt gett!

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
De Gronn. Als Letzebuerger realiséiert ee scho bal net méi wéi schéin et do as.. An daat total am Zentrum. Wier et am Ausland géife mir all Stroosseneck op facebook posten...

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Fast food. Well et géint all Logik, gesonde Mënscheverstand, Erzéihungs-, Ethik- a Landwirtschaftsprinzipie verstéisst. An et as dégueulasse...

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Eng kloer Labellisatioun vun de "produits de consommation": Bio vs Regional Produkter vs Trace carbone

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Eng Saison Oldtimercoursen: Spa-Francorchamps, Dijon, Zandvoort... Als passionnéierten Amateur vun der aler Mechanik wier dat de Summum

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Den neien Album vun de Black Keys. Als Vinyl, sou wéi et sech fir e Stater Hipster gehéiert

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Generell den éischten Dag vun der Summervakanz, well mir do virdrun emmer extrem vill ze schaffen hun an et emmer e laange Sprint as iwwer Mee/Juni/Juli.

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Chassagne Montrachet, Nuits St Georges, Vosne Romanée. Fir e gudde Barolo sin ech och ze kréien...

Mäin Dramauto wier en… ?
Alfa 33 Stradale. D'Perfectioun vum italieneschen Autosdesign aus de 60er

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
L'agitateur culturel passionné

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Facebook. Leider. Awer och wéinst der Arbecht, well et fir ons en Haaptcommunicatiounsvecteur ass

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
D'Gebuert vu menger Duechter. Definitif déi iwwerwelltegenst Emotiounen, déi ech bis well haat. Krokodilstréine si gelaf...

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Am Moment am léifsten an d'Bierger fir de Kapp fräi ze kréien, spadséieren ze goen a gutt z'iessen...

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"From the edge of the deep green sea" vu The Cure vum Album "live". Matt di beschte Band matt engem geniale Song matt enger einfacher awer dach perfekter Live-Performance

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
D'Double-bass-drum an der Metalmusek. Packen ech wierklech net méi wéi 4 Täkt...

Wat ass Äert Idol a firwat?
Thurston Moore vu Sonic Youth. Hien huet als Frontman vu Sonic Youth d'Indie-Szen an den 90er markéiert, wéi bal keen aneren. Eng Zäit vun enger enormer musikalescher Fraiheet, Creativitéit a Liichtegkeet

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Michael Rapino, dem CEO vu Live Nation. Daat ass de weltwäit gréisste Konzern an der Museksbranche, bekannt fir agressiv Integratiounspolitik an 360° Dealer matt Artiste wéi Madonna, Jay z, U2. Bref: d'Incarnatioun vum Däiwel op Äerd. Mee bestëmmt passionnant matt him ze diskutéieren.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Torres del Paine am Chile. Well d'Natur esou iwwerwelltegent ass a (bal) keng Trace vum Mensch ze gesin ass.

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Grand Duchy Gentleman Drivers. Well ech kee Fussball kucken a mech fir Oldtimer interesséieren.

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Alien. Mam Sigourney Weaver, deen éischten. Et wor och deen éischte Sciencefiction-Film, deen ech gesin hun an ech ka mech nach erenneren wéi wann et gëschter gewiecht wier. Ech hat wuel ëm déi 12 Joer (deemols wor dat nach ok :-)) an ech hu mir den Hënner aus der Box gefaart!

RTL ass fir mech… ?
De gréisste Lëtzebuerger Mediegrupp, matt engem Rayonnement bis wäit an d'Ausland