Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Manu Konsbruck RTL Spot 1
Manu Konsbruck RTL Spot 2
Manu Konsbruck RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Coyote… muss ech daat elo wierklech soen ? ;-)

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Zalot, kee Witz: well et do esouvill Variante gin, kann mech voll domadder stoppen

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
D'Biographie vum Steve Jobs

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
De Plateau Altmünster, wonnerschéi Vue an e super gudde Restaurant

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
D'Steierklass 1A: ech gesinn net a firwat e Célibataire matt Kand méi Steiere muss bezuele, wéi een, dee bestued ass

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Liberal Öffnungszäiten am Commerce… mir sollen do einfach méi flexibel ginn

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
En Haus am Süde vu Frankräich: ech fille mech wuel dohannen a gesi mech gutt do aal ginn

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
En Teppech

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
De Gebuertsdag, well all Deng Facebook-Frenn "och" deen Dag un Dech denken

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Gin Tonic

Mäin Dramauto wier en… ?
En Audi mat 1000 PS

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
"Finale surprenante et épique à Wimbledon avec la victoire écrasante de Manu Konsbruck! Un message d'espoir pour l'humanité" :-)

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat? 
mobile.de, well ech mech allgemeng fir Autoe, Motoen.. etc interesséieren

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
De 7. Januar 2004, wéi meng Duechter op d'Welt komm ass

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
An den Süde vu Frankräich, praktësch a Sonn

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Angels" vum Robbie Williams:  hunn immens schéin a flott Souveniren vun där Zäit, an där dat Lidd erauskomm ass

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Onéierlech a falsch Leit

Wat ass Äert Idol a firwat?
De Roger Federer, well hien dat Beispill ass, wéi ee matt vill Discipline a sengem Alter et nach esou wäit ka brengen

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Kate Middleton, …well ech saugutt englesch schwätzen, that's all ;-)

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Bartreng… Belle Etoile… ka mir einfach näischt méi Schéines virstellen

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Tennis Club Nordstad… eng super Equipe

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Bohemian Rhapsody… schéi Geschicht, mega Musék! De Freddy Mercury huet meng Jugend markéiert

RTL ass fir mech… ?
…wéi d'Belle Etoile… e Stéck Lëtzebuerg, wou keen dolaanscht kënnt