Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Yves Schroeder RTL Spot 1
Yves Schroeder RTL Spot 2
Yves Schroeder RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
D'Youtube-App, et gett esou vill waat een do ka léieren a gewuer ginn. Oder et léisst een sech einfach ënnerhalen.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Hausgemaachte Panzerroti vu menger Fra

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
"Why we sleep" vum Dr. Matthew Walker

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
De Bielesser Gaalgebierg, do hunn ech als Kand schon all Sekonn gespillt an esou d'Natur entdeckt

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Och wann et oofgedroschen kléngt, Krich… Am Endeffekt verléiert do jiddereen

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Eng besser Work-Life-Sleep-Balance

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Méi Zäit mat menger Famill a Frenn ze verbrengen. Et gett hautdesdaags ëmmer méi schwéier sech dat leeschten ze kennen.

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
E Meschpult, wat ech hei am Land leider neierens ze kaafe krut

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Den 31. Dezember. Et ass fir mech emmer en Dag vun der Retrospekiv, wéi d'Liewe verlaf ass a wéi et eventuell weider geet

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Alles wat spruddeleg ass, Waasser, Softdrinks, Béier. Haaptsaach spruddeleg an erfrëschend

Mäin Dramauto wier en… ?
Ford Mustang Shelby GT500 vun 1969

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Schroeder Yves am Portrait: 100 Joer an nach ëmmer mat senger Band on tour

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
rtl.lu, alles wat irgendwéi relewant ass hei zu Lëtzebuerg, kann een do noliesen oder nolauschteren.

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Et wuaren der 2… Déi Deeg, wou meng Kanner op d'Welt komm sinn. Dat ganzt Liewen ännert sech an alles ergëtt ab deem Moment méi Senn

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Italien an d'Dolomiten fir Ski ze fueren. Well beim Skifuere muss ee sech op de Moment konzentréieren. Do kennt een op aaner Gedanken.

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Nothing else matters" vu Metallica, ee vun den éischte Lidder, déi ech geléiert hunn op der Gitarr an e Lidd dat ganz vill verschidden Emotioune mat sech brengt

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Wann ech ugelu gin oder mat Leit schwätzen, déi alles schwaarz-wäiss gesinn, ouni nuancéiert kennen ze argumentéieren

Wat ass Äert Idol a firwat?
Meng Elteren. Si hu mir esou vill bäibruecht iwwer d'Liewen an hunn alles gemaach, fir dass ech ka glecklech sinn. Et ka keng gréisser Idoler fir mech ginn.

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Leonardo Da Vinci, e Genie dee sénger Zäit wäit viraus war

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Ganz kloer mäi Bett, ech schloofe sou gär!

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
De Bielesser Fussballsveräin, ech hun als jonke Borscht do gespillt

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Bladerunner 2049. Et ass e bildgewaltegt Spektakel, mat enger grandioser Geschicht.

RTL ass fir mech… ?
D'Sproochrouer vu Lëtzebuerg