Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Patrick Berg RTL Spot 1
Patrick Berg RTL Spot 2
Patrick Berg RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
WhatsApp - séier an einfach Kommunikatioun mat enger Persoun oder engem ganze Grupp

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Séisses, egal op Glace, Chocolat, Pudding, oder soss...  Hu Séisses léiwer wéi Salzeges

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
E Reesguide iwer Mallorca, well eng Rondrees iwwer d'Insel usteet

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
D'Musel, d'Landschaften, de Wäin an d'Gesellegkeet op de Wäifester

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
D'Stauen op eise Stroossen, well do dausende vu Leit Dag fir Dag vill Zäit a Liewensqualitéit verléieren

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Gläichberechtegung op alle Niveauen, Nationalitéiten, Hautfaarf, Mann oder Fra… Déi rezent rassistesch Aussoe vun engem Trump zb kann ech einfach net verstoen

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Eng Weltrees mat engem Oldtimer, Aventure mat engem alen Auto ze reesen, den entschleunegte Rythmus, einfach vun Dag zu Dag ouni Plang genéissen an et fënd ee séier Kontakt zu de Leit

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Dem George Clooney säi Kaffi

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Gett net ee bestemmten Dag. Ech probéieren all Dag eppes Positives ofzegewannen, siew et nëmmen déi waarm Douche Moies, oder Zäit zesummen Owes

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Produite vun heiheem, je no Geleeënheet a Gesellschaft, mol Waasser, mol e gudde Pättche Wäin oder eng Kippche Crémant, awer och mol e Béier oder Cider

Mäin Dramauto wier en… ?
E Bentley 4 1/2 Liter vun 1927-1931, mee vue d'Seltenheet an de Präis wärt et fir ëmmer en Dram bleiwen.

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
RTL.lu - Informatioun, News a Wieder

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Mäin éischten Dag vum Stage an den USA als jonke Student. Wäit eweg vun doheem, am Land vun den onbegrenzte Méiglechkeeten, quasi op eegene Bee stoen fir 2 Méint… domat ass en Dram an Erfëllung gaang

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
An d'Sonn, an am léiftsten e Roadtrip/Rondrees ouni zevill am viraus ze plangen. Einfach vun Dag zu Dag genéissen an dreiwe loossen.

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Hotel California vun Eagles, e politesch kriteschen Text am "easy listening California sound", passt ëmmer

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Hannerhältegkeet, Onéierlegkeet

Wat ass Äert Idol a firwat?
Net ee bestemmte, mee all déi Leit, déi allen Hindernësser a Schwieregkeeten zum Trotz hieren Dram erfëllen

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Elon Musk, een net onëmstriddene, moderne Visionär, mat dem ee secherlech stonnelaang iwer déi scheinbar verrécktesten Zukunftsvisioune kann diskutéieren

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Iwerall do wou ee mat Famill a gudde Frënn eng schéin Zéit verbréngt

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Hunn net direkt e Veräin, war éischter emmer e grousse Fan vum Valentino Rossi

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"Forrest Gump", hunn ech zech mol gesinn - einfach u sech selwer gleewen

RTL ass fir mech… ?
Lëtzebuerg, och wann een dobaussen an der Weltgeschicht ënnerwee ass. Eng kleng Anekdot: virun 18 Joër ware mir a Florida an engem klenge Restaurant. Si vun enger eelerer Dame zervéiert ginn a wéi mir geäntwert hu, mir wiere vu Lëtzebuerg, sot d'Madame direkt... Ah RTL, I remember the radio station from WWII