Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Jemp Thill RTL Spot 1
Jemp Thill RTL Spot 2
Jemp Thill RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
"Kitchen Stories", well een do richtig gutt Rezepter fënnt, déi einfach emzesetze sinn

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Kniddelen - well et schmaacht, an ech se selwer hikréien!

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Keent, well ech léiwer Zeitung a Magazin liesen. An der Vakanz awer gär ee Krimi…

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Zu Cliärref am schéinen Éislek - meng Kandheet eben

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Déi anonym Kommentare bei RTL.lu, well déi mech ferrem nerven.

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Ordentlech Verkéiersinfrastrukturen am Norden, well mir hei keng Bierger 2. Klass sin

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Sin zefridden mat deem wat ech hun, méi brauch ech net!

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Ech probéieren sou wäit wéi méiglech an de lokalen Geschäfter ze kaafen, soss get et déi gläich net méi

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Densdes op Al Dikkrich - ee riesege Conveniat!

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Als Dikkricher kennt do nemmen eppes a Fro…: ee gudden Dikkricher!

Mäin Dramauto wier en… ?
En autonomt Gefier, dat mech secher heem brénge géif, och wann ech mol net a Form sin..

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
I did it my way….

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
RTL.lu, wéinst den aktuellen Informatiounen

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
De Wanter ob Teneriffa, wéinst dem agreabele Klima

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Hotel California" vun den Eagles. War fréier an der Juke-Box vu mengem "Bistro préféré"

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Dommheet an Intoleranz. Geet meeschtens zesummen…

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Doheem oder bei gudde Frenn!

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Bayern München - well et di aner sou schéi roose mecht ;-) an Etzella Ettelbréck am Basket, well mäi Bouf do spillt.

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"Forrest Gump" - einfach nemme genial

RTL ass fir mech… ?
Déi éischt Informatiounsquell zu Lëtzebuerg

Wee bewonnert dir?
All Mensch dee sech fräiwelleg an onbezuelt engagéiert

Ween nervt eech am Meeschten?
Déi Leit, déi mengen des Freiwëlleger kritiséieren ze mussen, ouni et besser ze maachen - am Léiwsten ouni iwwerhaapt eppes ze maachen.