Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Mil Calmes RTL Spot 1
Mil Calmes RTL Spot 2
Mil Calmes RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
RTL - well d'Informatiounen iwwer Lëtzebuerg online sinn an ech ëmmer am Bild sinn

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Ech hu keng Exklusivitéit beim Iessen  - Fleesch muss ech net hunn

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Keent

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Lëtzebuerg gefält mir am grousse Ganze ganz gutt - de Préizerdaul an d'Stad Lëtzebuerg speziell

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Den Europadag nët wéinst dem Dag, deen ech jiddferengem vergonne, mee well en a ganz Europa mutterséilen eleng ass

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Den Europadag als Congésdag

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
En neie Reck, deen net méi wéi deet

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Ech bestellen net um Internet

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
All Dag ka schéi sinn

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Wäissen a roude Wäin

Mäin Dramauto wier en… ?
…een, an deem ech de Réck net wéi hunn!

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Mil Calmes am Alter vun 100 Joer gestuerwen

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Ech googele fir alles

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
All Dag ass schéin ze liewen

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
An den El Salvador, well ech mech do wuel fillen

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"La Mer" vum Charles Trenet - d'Melodie an déi 100 verschidde Versiounen, déi et ginn

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Hu keng Ausschlëss, ausser béis Leit

Wat ass Äert Idol a firwat?
De Charles de Gaulle war a jonke Joere mäi politescht Idol, wéinst senger politischer Gréisst

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Xavier Bettel … well dat scho laang net méi de Fall war

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Doheem, well ech ëmmer erem frou sinn, heem ze kommen

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Déi demokratesch Partei

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
...ass scho laang hier, dass ech am Kino war

RTL ass fir mech… ?
Informatioun fir Lëtzebuerg