Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Jhemp Bertemes RTL Spot 1
Jhemp Bertemes RTL Spot 2
Jhemp Bertemes RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?   
"Spiegel" an "Zeit", fir mech z'informéieren

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Wann et waarm ass: Glace. Firwat? Ma wëll et waarm ass :)

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Keent. Si grad fir d'zweet Papp ginn, leider grad keng Zäit. Liese vill Artikelen um Internet oder Zeitungen (GEO).

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
De Gronn: do ass et schéin a geselleg

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
D'Scholde vun afrikanesche Länner. Well afrikanesch Länner duerch Scholden zu Moossnahme gezwonge si fir Scholden zeréck ze bezuelen amplaz eege Kapacitéiten a Ressourcen opzebauen/z'exploitéieren.

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Mossnamen, déi aarm Länner derzou befähegen, hier Ressourcen selwer z'exploitéieren, ze verschaffen an ze kommerzialiséieren. Well Länner mat Ressourcen da mëttel- oder laangfristeg net méi op Entwécklungshëllef ugewise wieren, mee selwer kéinten hiere Wuelstand opbauen.

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Eng finanziell suergefräi Zukunft fir meng Famill.

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Eng Rutschbahn fir de Bouf

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Emaischen. Einfach dat schéinste Fest vun der Welt, wann een aus dem Nouspelter Eck kënnt.

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Spruddelwaasser, Béier, Wäin, Gin Tonic, Rivella

Mäin Dramauto wier en… ?
Keen. Ech interesséiere mech net fir Autoen.

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Jhemp ass den neie Bassist vu Muse. Oder: Jhemp ausgezeechent als beschte Wëssenschaftsjournalist vum Joer.

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
science.lu - wëll ech dorobber schaffen

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Wéi meng Kanner op d'Welt komm sinn. Einfach e phänomenale Moment.

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Hu keng Lieblingsplaz. Fanne bal all d'Länner spannend! Reesen ass mega!

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Exit music" vu Radiohead. Super Band an dat Lidd kennen ech zanter Eiwegkeeten a fannen et ëmmer nees top.

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Leit, déi déi ganzen Zäit just jéimeren.

Wat ass Äert Idol a firwat?
Den Nelson Mandela a méng Elteren. Den Nelson Mandela well hie sech mat enger aussergewéinlecher Souveränitéit, ënnert scho bal onmënschlechen Emstänn, fir Fridden agesat huet an ëmmer integer bliwwen ass. Meng Eltere, well si ëmmer Virbild waren an einfach déi Bescht sinn!

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mat mengem Papp, well hie leider scho verstuerwen ass. Soss: mam Homer Simpson. Oder mam Barack Obama. Oder mam Einstein. Oder mam Freddy Mercury. Oder mam Dahmse Rog. Fir iwwer Gott an d'Welt ze schwätzen.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Springfield. Do kéint ech ee mam Homer Simpson zesummen hëppen.

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Borussia Dortmund. Wëll se déi schéinsten Tricoten hunn

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"American History X", well dee Film d'Sënnlosegkeet an déi negativ Spiral vu Gewalt exzellent duerstellt an zum Nodenken ureegt. Wat d'Serien ugeet: "Black mirror". Well des Serie een zum Nodenken urreegt iwwer d'Zukunft vun eis Mënschen an iwwert den Notze vun Technologien.

RTL ass fir mech… ?
Meng éischt Schrëtt an de Journalismus. E Radiosender deen ech dacks am Auto lauschteren. E Medienhaus, dat déi super Emissioune mam "Mr Science" ausstrahlt ;)