Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Marc Neuen RTL Spot 1
Marc Neuen RTL Spot 2
Marc Neuen RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Digicash. Gutt gemaach, einfach an erlabt vill Zäit bei de Virementen ze spueren.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Thailännesch, fir duerno ze probéieren et doheem selwer nozemachen

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Ech liese praktesch nemme Businessbicher. Am Moment eent iwwer de "Pareto Prinzip", wéi ee mat manner Schaffen awer méi erreeche kann.

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
De Gronn: romantesch, relax, flott Terrassen. Do spiert ee sech bal an der Vakanz.

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
De Wecker. Well et ass dat schéinst Gefill, fir ouni hien erwechen ze kënnen.

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
E Steiersystem, deen op d'Emweltverschmotzung aplaz op de Revenu besteiert.

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Neischt Materielles. Vill Zäit a Freed mat der Famill a Frënn.

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Ech bestelle bal nëmme Fligerticketen a Bicher.

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Den Hochzäitsdag, well deen erënnert mech emmer un eis mega Hochzäitsparty, an e fält ëmmer an d'Vakanz, wou mer dann iergendwou op enger cooler Plaz an der Welt sinn.

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Vill... Wäin, Whiskey, Gin Tonic… alles wat schmaacht a lëschteg mecht :-)! An awer och e richteg gutt frëscht Glas Waasser

Mäin Dramauto wier en… ?
E Suzuki Vitara Cabrio beim Mier! Mee d'Mier ass méi wichteg wéi den Auto.

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
De Marc Neuen huet d'Léisung fond fir d'Ozeaner ze botzen, oder d'Äisbierger ze retten.

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Henri.lu. Well ech am Moment praktesch all Dag dru schaffen fir se ze optimiséieren.

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
D'Gebuert vu mengen 2 Kanner (also 2 Deeg)

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Op Kreta, wéinst dem Land, dem Mier, dem Iessen an de Leit.

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Ech hu kee richtegt Lieblingslidd, mee all gudde Rock aus de 70er Joeren.

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Ech sinn éischter e gemässegte Mënsch, duerfir sinn ech net sou extrem fir soen ze kënnen, dass ech eppes op der Doud net ausstoen kann.

Wat ass Äert Idol a firwat?
Ech hu Leit déi mech inspiréieren, haaptsächlech Internet Entrepreneuren, awer ech fonktionnéieren net op Idoler.

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mat menger Schwéiermamm, da géif ech si nach emol erëm gesinn.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Do wou meng Famill ass, mee awer léiwer beim Mier :-)

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
En informelle Klibchen vu 6 ale Bréisseler Studenten, mat deene mir zanter 1995 all Freideg iesse ginn.

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Pulp Fiction, e mëllen Film, mat gudden Akteuren, gudder Musek an total décaléiert.

RTL ass fir mech… ?
Meng Haaptinformatiounsquell fir wat zu Lëtzebuerg geschitt.