Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Arsène Laplume RTL Spot 1
Arsène Laplume RTL Spot 2
Arsène Laplume RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Haaptsächlech Wirtschafts-Apps, mee awer och Sport, besser gesot Fussball, well ech mech fir d'Economie interesséieren

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Ech iessen am Fong geholl alles, mee hunn eng Neigung zuer héichwäerteger, feiner gastromescher Kichen, iessen ass fir mech Kultur

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
D'Biografie vum Steve Jobs vum Walter Isaacson an "Die Porsche Saga" vu Stefan Aust an Thomas Ammann

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
D'Dierfer, déi tëscht Bierg an Dall an der Natur leien, wou eng kleng Baach derduerch fléisst, wéi z.B. Lellgen wéinst der Rou

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Dass zu Lëtzebuerg alles wat dat Administrativt ubelaangt ëmmer sou lang dauert, wat net noutwendeg ass an de Steierzueler vill Geld kascht

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Dass d'Baugeneemegungen an engem Zäitraum vu maximal engem Joer definitiv sinn oder net, well der zevill mengen e Pefferkär misse bäi ze fügen

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Méi Fräizäit ze hu fir mat der Famill an den Enkelkanner ze verbrengen a méi Zäit fir ze reese, dat wär fir mech Luxus

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Ich sinn absolut keen Internet-Fan an dat ass sou lang hier, dass ech mech net méi kann drun erënneren

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Ganz kloer: Hellegowend a Chreschdag

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Ech sinn en absolute Kenner vu Wäin a freeë mech onheemlech drop de richtege Wäin beim Iessen ze drénken, och dat ass fir mech Kultur

Mäin Dramauto wier en… ?
E Steyr Oldtimer 30 s Cabrio Baujoer 1932 oder/an e Steyr 220 Cabrio Bordeaux/Beige Baujoer 1939

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Op Internet-Säite vun Oldtimer-Trakteren, well ech e leidenschaftleche Sammler si vu Steyr Trakteren

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Warscheinlech wéi meng Kanner oder ewer och Enkelkanner gebuer goufen, doheem mat menger Fra, mee warscheinlech ginn et och nach aner Deeg, déi mir de Moment net afalen

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
A Südfrankräich op d'Côte d'Azur an owes am Hafen oder enger klenger Stad oder Duerf gutt iesse goe mat engem Glas Schampes an enger gudder Fläsch Wäin den Dag auskléngen ze loossen

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Wind of Change" vu Scorpions ass fir mech ëmmer melankolesch an erënnert mech un en trauregen Dag, op deem e ganz gudde Frënd op eng tragesch Art a Weis ëmkomm ass an dat op séngem Begriefnes gespillt gouf

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Ongerechtegkeete, Korruptioun an dass Krimineller net méi haart a méi séier bestroft goinn. Et ginn Zäit a Käschten an esou Prozesser investéiert an dat Ganzt iwwer vill Joeren an dacks ouni gerecht Uerteel

Wat ass Äert Idol a firwat?
Wann et eent Idol ass oder soll sinn, da wor dat de Kennedy well en e Gerechtegkeetsfanatiker war an och Visiounen hat

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Wendelin Wiedeking oder/a Martin Winterkorn, déi hu Maschinnebau, Metallphysik a Metallforschung studéiert an duern Firmen emstrukturéiert

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Där ginn et vill op déi ech ëmmer mol neess géing zeréck goen, op dat a Südamerika, Asien/Japan, Südafrika oder Europa wier. D'USA de Moment net wéinst dem dommen Trump

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Bayern München, well duerch Zoufall sinn ech 1965 Fan gin, also virun de groussen Erfolleger, wéinst Leit ewéi Müller/Beckenbauer/Sepp Maier

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Ech si kee sou e Film-Fan, kukke gär James Bond vläicht well se esou onrealistesch sinn, mee kukken awer och gär all Krichsfilmer

RTL ass fir mech… ?
De Sender fir ëmmer ze wësse wat an eisem Land hei passéiert, haaptsächlech Norichten a Politik