Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Jean-Marie Neuberg RTL Spot 1
Jean-Marie Neuberg RTL Spot 2
Jean-Marie Neuberg RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Polar-Flow, do kann ech direkt no mengem Training kucken, op alles mat mengem Häerz ok war

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Paangecher mat Äppelkompott

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
D'Biografie vum Horst Lichter

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Einfach doheem a mengem Gaart. Do kann ech richteg ofschalten

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Den Index, deen ass just gutt fir déi Leit mat decken Paien. Fir dee klenge Bierger gëtt d'Liewe just domadder onbezuelbar

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Eng Gesondheetskeess déi just do ass fir Leit, déi wierklech krank sinn

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Een decke Sak Gesondheet fir meng Fra

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Verschidde Fachbicher iwwer nei Techniken am Bäckerberuff

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Den 23.11, op deem Dag hunn ech meng Fra vum Liewe fonnt

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Ee gudde roude Porto

Mäin Dramauto wier en… ?
Een dee mech ëmmer sécher heem bréngt

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Jean-Marie Neuberg feiert seng 100 Joer, ass nach ëmmer gesond a monter, an ass nach all Dag an der Bäckerei

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Op där vun der Meteozentral, d'Wieder ass an eisem Beruff ganz, ganz wichteg

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
No mengen Häerzproblemer ass all Dag fir mech dee schéinsten Dag vu mengem Liewen

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Op Naturns a Südtirol. Do kann ech lafe goen, Velo fueren, ofschalten an einfach d'Natur genéissen

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Geile Zeiten" vun Ben Zucker, hie sengt "ich liebe diese Leben" an dat maachen ech och

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Onéierlechkeet an net pünktlech sinn

Wat ass Äert Idol a firwat?
Mäi Papp. Ee Mënsch, deen ëmmer vill geschaaft huet an ëmmer do war fir aner Leit

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mat eisem Minister Kersch. Egal wat hien och esou seet, ech verstinn hie ganz seelen, an dat kéinte mir dann alles bei engem gudden Iessen opschaffen

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Doheem, einfach ee schéinen Owend hunn, mat Famill oder Frënn

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Bayern München, mir sinn esou opgewuess. Meng Bomi huet ëmmer Bayern gekuckt, ech mengen si hat sech e bëssen an de Sepp Meier verkuckt

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Ech kucken net ganz vill Filmer, wann Tele, dann Noriichten an Sport

RTL ass fir mech… ?
...ëmmer gutt informéiert ze sinn an een Haus, an deem ech schonn vill léif Leit kenne geléiert hunn