Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Romain Muller RTL Spot 1
Romain Muller RTL Spot 2
Romain Muller RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Whatsapp. Ech notzen des App souwuel beruflech, wéi och privat. Si ass total easy an onkomplizéiert. An et ass och déi App, déi ech am Meeschte benotzen.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Eng Côte à l'os. Gegrillt mat vill Peffer a Salz drop. Dat grillen ech praktesch emmer wa mir mat Frenn bei eis op der Terrass sëtzen.

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Leider hun ech mäi lescht Buch viru 6 Méint gelies. Wann ech Bicher liese, geet et meeschtens em Betribsféierung oder Fachbicher. Nun halt ee langweilege Muss.

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Fir mech ass de Mëllerdall déi schéinste Plaz zu Lëtzebuerg. Ech sin emmer nees faszinéiert wann ech déi joerdausend al Naturgewalt tescht deene Fielse spieren.

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschafen, wat wier dat dann a firwat ?
Ech mengen et gi vill Saachen, déi ee kann ofschafe fir des Welt ze verbesseren. Ech hat ëmmer vill Gléck a weess och net wat ech elo misst ofschafe fir e bessert Liewen ze hunn.

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Ech géing mir an der Schoul ee Fach iwer Ernährung wënschen. Dozou kennt och déi effektiv Wäertschätzung vum Fleesch. Ee Fach, an deem d'Schüler geléiert ginn, en Déier artgerecht ze halen, ze respektéieren, ze schluechten, ze kachen an et duerno och z'iessen.

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Schon als Kand dreemen ech vun engem ale Bauerenhaff. Am Januar konnt ech mäin Dram endlech verwierklechen.

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Ech hat relativ deier Wanderschong bestallt. Déi ware mir leider ze kleng. Zanterhier fëllen se just mäi Schaf.

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Wann deen éischte Schnéi fält. Firwat…? Ech si Pneuenhändler :-)

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
De Feierowendbéier mat Kollegen. Heiansdo gin et der och e puer méi

Mäin Dramauto wier en… ?
En Audi RS6. Deen Auto ka praktesch alles. E gesäit gutt aus an huet Kraaft ouni Enn. An et ass eng Famillgekutsch.

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Dass ech 100 Joer al gi sinn an ëmmer bei beschter Gesondheet war.

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Momentan op der Säit Pinterest. Ech renovéiere privat e Baurenhaff a sichen mir gär Inspiratiounen op dëser Säit

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Ech hat 3 schéinster Deeg bis elo. Dat war natierlech, wéi meng 3 Kanner op d'Welt komm sinn

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
An Éisterräich. D'Bierger hun esouvill verschidde Gesiichter. Ech fueren awer d'nächst Woch mam Camper duerch Norwegen. Vläicht kann dat jo Éisterräich nach toppen.

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Die immer lacht" vum Kerstin Ott. Dat ass matt Sécherheet net dat beschte Lidd. Mee ech fannen et enorm emotional.

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Ech schwätzen net gär viru ville Leit. Esou een Interview, wéi elo, mecht mech schon nervös. Mee ech freeë mech dann awer och fir déi Erausfuerderung unzegoen.

Wat ass Äert Idol a firwat?
Ech hat ni en Idol. Ech hunn zwar en héige Respekt viru ganz ville Leit. Mee ech hunn ni eng Persoun als Idol ugesinn.

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Donald Trump. Ech well mir gär meng eege Meenung iwwer hie maachen. Ech well gär wësse, wéi dee Mënsch wierklech esou tickt.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Hei zu Lëtzebuerg. Lëtzebuerg ass jo net nëmme wirtschaftlech oder sozial ganz uewen. Mee och klimatesch gesinn ass Lëtzebuerg mat senge 4 Joereszäite mäin absolute Favorit.

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Ech gi gär op kleng Duerffester. Dofir gefale mir Veräiner, déi aktiv sinn an esou Veranstaltunge maachen natierlech ganz gutt.

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Et ass zwar schon ee Klassiker... de "Forrest Gump". Ee Film, deen engem weist, dass alles machbar ass, wann een et einfach nëmme mecht.

RTL ass fir mech… ?
Gutt Laun, Neiegkeeten an top Musék.