Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Alessandra Nonnweiler RTL Spot 1
Alessandra Nonnweiler RTL Spot 2
Alessandra Nonnweiler RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
D'CFL App, well ech do emmer ka kucken, wou mäin Zuch drun as

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Pasta, well een do vill verschidde Varianten ka kachen a genéissen

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
"Wenn's einfach wär, würd's jeder machen" vum Petra Hülsemann

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Den huelen Zant, well een esou eng schéi Vue op eis Stad huet

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Den November, well et do emmer sou däischter an dépriméierend ass

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Méi Gerechtegkeet an eng besser Verdeelung vum Räichtum op der Welt, well da géif et vläicht manner Näid a Gier ginn

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Méi Zäit

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Fligerbilleten a Schong, well eng Fra brauch Schong ;-)

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Wann ech mat gudde Frënn eng schéin Zäit hunn

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Ee gudde killen an helle Rosé aus der Provence

Mäin Dramauto wier en… ?
E Porsche 911 cabrio

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
"Dat, wat ni opgëtt"

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Alles wat reesen as...

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Kee Speziellen, et waren der scho vill, gottseidank!

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
De "wou" ass egal, de "mat wiem" ass méi wichteg

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"All by myself", well dat an esou ville Varianten gesong gouf a fir mech extrem emotional as

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Verlugenheet a wann déi Aner ëmmer schold sinn

Wat ass Äert Idol a firwat?
En Idol as e Virbild, e Virbild ass e Bild an dat as fir opzehänken, do riichten ech mech léiwer no mir selwer

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Miriam Meckel, eng onheemlech interessant an intelligent Fra, déi schons eng Rei Saachen erlieft huet am Liewen

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
...puuh, där gin et der vill, hu schon vill dierfe gesinn!

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Där ginn et och e puer, soulaang et net Bayern München ass!

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"Schindlers Liste", well déi Episod an der Geschicht ni soll vergiess ginn an et do och Leit gouf, déi selbstlos gehollef hunn

RTL ass fir mech… ?
Mäi musikalesche Begleeder, wann ech am Auto sëtzen