Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Ernest Pirsch RTL Spot 1
Ernest Pirsch RTL Spot 2
Ernest Pirsch RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Spotify… zu all Moment an iwwerall zougrëff op déi Musek, déi mir gefält.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Eng gutt Entrecôte mat Fritten.

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Fir d'lescht, de Code de la route.

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
De Stauséi, well ech do a menger Jugend vill flott Momenter verbruecht hunn.

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Den Europadag vum 9. Mee an als Ersatz e Congésdag ginn. Da brauche mir eis Betriber op mannst net zou ze maachen.

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Eng Campagne fir eis Handwierksberuffer ze revaloriséieren. Mir brauche kompetent an motivéiert Mataarbechter.

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Eng "année sabbatique" fir ze reesen.

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
En Extrait vum Casier judicaire, soss ni well ech de lëtzebuerger Commerce ënnerstëtzen

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Mäi Gebuertsdag… hunn d'Kadoe gär

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
E gudde roude Wäin

Mäin Dramauto wier en… ?
E Ford GT

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Merci fir Däi laangjäregen Asaz fir d'lëtzebuerger Automobilsbranche

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Queesch duerch de Gaart… si gär um aktuelle Stand, wat an der Welt geschitt

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Dat waren der 2. D'Gebuert vu mengen 2 Meedercher

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
An d'Provence. Hu meng Studien do gemaach an et zitt mech ëmmer erem zeréck

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Everybody hurts" an der Reprise vu The Corrs. Einfach nëmme schéin!

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Leit déi mech, anerer a sech selwer beléien.

Wat ass Äert Idol a firwat?
De Winston Churchill, e Mann mat Courage, deen eng decisiv Roll am 2. Weltkrich gespillt huet.

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Marco Polo. Géing gär alles iwwer seng Reesen a Missioune wëssen.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Doheem mat der Famill an eisen 3 Muppen.

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
D'House of Automobile, well ech do selwer mat aktiv sinn

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"La Grande Vadrouille" mam De Funès a Bourvil. Ëmmer erem gutt fir ze laachen.

RTL ass fir mech… ?
Schweesspärelen op der Stir, wann ech fir en Interview gefrot ginn