Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Jérôme André RTL Spot 1
Jérôme André RTL Spot 2
Jérôme André RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
mobile.de

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
D'Lasagne vun der Mamm, well et einfach déi Bescht ass (d'Lasagna an d'Mamm)

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Die Geheimnisse der Umsatzverdoppler

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Prënzebierg - Giele Botter

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Krankeschäiner, well einfach zevill Leit dëst falsch ausnotzen. Employeeën ewéi awer och Dokteren.

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
D'Arbechtmossnam während dem Chômage fir der Allgemengheet eppes zerëck ze ginn an dass d'Leit am Arbechtsrythmus bleiwen

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
3 Woche Vakanz, well ech dat sou eigentlech nach ni haat

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Becherluppe fir mat menge Kanner op Käfer-Juegd ze goen

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Den 1. Schaffdag am Joer, well dat bessi sou ass wéi deen 1. Schouldaag: voller Energie an Erwaardunge start een an dat neit Joer

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Gin Tonic, vu dass et gutt géint den Heeschnapp ass

Mäin Dramauto wier en… ?
Dat ass mäi Citroen 5hp vun 1921 an enger Spezial-Carrosserie

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Hien huet ëmmer probéiert de Maximum aus sengem Liewen ze huelen an erfollegräich ze sinn

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Amazon, well een do einfach a séier dat fënnt, wat ee sicht. Dacks brauch ech speziell Saache fir en Embau, wou ech mol net weess op et sou eppes gëtt an dat fënnt een dacks op Amazon

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Wéi ech meng Fra an dat 1. Kand an d'Maternité siche gaang sinn

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
D'Destinatioun ass eigentlech bal egal, mee Haaptsach mobil mam Camper

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Hotel California" vun den Eagles

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
De Sproch: "Dat hun mir an der Schoul awer ni gesinn!"

Wat ass Äert Idol a firwat?
Meng Elteren, well si sech vill mat wéineg opgebaut hunn

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mat eisem Grand-Duc, fir dës éischter zereckhalend Persoun am Gespréich kennen ze léieren

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
De Caravan Park zu Sexten am Trentino, well et einfach e Genoss ass, Moies aus dem Camper ze klammen an ze gesi wéi déi 3 Zinnen erwechen

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
BBC Amicale Steesel - well et einfach dee beschte Basketveräin am Land ass

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"Into the wild" - well ech mech zum Deel doranner eremfannen

RTL ass fir mech… ?
D'Newsletter vum Dag