Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Tom Foog RTL Spot 1
Tom Foog RTL Spot 2
Tom Foog RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
RTL - Do huet een zimlech konzentréiert a séier den Iwwerbléck zu den Neiegkeeten hei am Land an international

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Gefëllten Tomaten, et ass ee super einfache Plat a mat e besse Räis einfach nëmmen mmmmmmm

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Doheem… fir ofzeschalten, bei der Famill ze sinn

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Am Moment… déi Heizung, déi dobausse ville Leit ze schaafe mécht.

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Méi Flexibilitéit am Commerce, manner administrativen Opwand, fir dem Stuerm aus dem Internet mat eisem Wëssen a Service entgéint ze wierken an och do een Acteur kënnen ze sinn.

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Zäit. Zäit fir Famill, fir mech, fir ze entspaanen, ze reesen

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Evitéieren ech an der Regel, mee wann een den Tour zu Letzebuerg gemaach huet an nach ëmmer sicht, da kënnt dat scho mol fir. Zuläscht ass dat eng Waassersprutz mat Bewegungsmelder géint Kazen an de Fuuss, déi ëmmer probéieren un de Kanner hir Kanéngercher am Gaart ze kommen.

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Wann deen éischte Sonnestral nom Summer um Himmel ass an et rëm Sonnebrëllen-Zäit gëtt ;-)

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Waasser. Dees drénken ech dee ganzen Dag. Et kann dann awer och mol eng Coupe oder e gudde kale Béier sinn.

Mäin Dramauto wier en… ?
Ech fueren immens vill Kilometer. Dofir een Auto, dee mech automatesch a flexibel dohi bréngt, wou ech grad hi muss. Natierlech fueren ech och mol gär selwer wéinst dem Spaass um Fueren.

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Do hunn ech keng Liblingssäit. Ech ginn mol hei, mol do, Informatiounen iwwer d'Politik oder Sportresultater sichen. Informatiounen aus der Welt vun der Optik huelen ech mir direkt op de Fachsäiten.

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Ech denken een, dee Kanner huet, wees direkt, wéi eng Deeg déi Schéinst sinn. Do wou se op d'Welt komm sinn. Wou se déi éischt Schrëtt maachen, déi éischt Wierder, déi éischt Dommheeten,…

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
An de Schnéi. Well et do kal ass ;-) a fir Schi ze fueren. D'Kanner si, wéi ech och, begeeschtert Schifuerer. Meng Fra freet sech op d'Hütt.

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Do hunn ech kee richtegt Lieblingslidd. Ech lauschtere vill Musek an alle Richtungen. Vu klassesch bis Pop ass alles dobäi. Ouni Musek wäer den Dag eidel.

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Granzeg Leit, déi ouni Grond iwwerall dat Schlecht gesinn.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Mir fuere schonn zanter e puer Joer an Eisterräich, wéinst der Landschaft an och der Frëndlechkeet vun den Awunner

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"E.T.", well et mäin éischten Kinofilm war an haut nach ëmmer e schéine Message vun Toleranz, Frëndschaft a Respekt iwwermëttelt

RTL ass fir mech… ?
E gudde Vertrieder vun der Lëtzebuerger Sprooch