Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Bernd Fuhrmann RTL Spot 1
Bernd Fuhrmann RTL Spot 2
Bernd Fuhrmann RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
WhatsApp, fir mat Frënn a Famill ronderëm d'Welt a Kontakt ze bleiwen

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Eng gutt Pasta, dat geet ëmmer

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
"Hummeldumm" vum Tommy Jaud, eng perfekt Lektür fir de Congé

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
De Kierchbierg, hei ass d'Evolutioun vu Lëtzebuerg am Beschten ze gesinn

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Dee ville Krich an der Welt, dat erkläert sech vum selwen

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Een Auto, dee selwer fiert, fir mech iwwer Nuecht an d'Bierger ze féieren

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Méi Zäit fir Famill a fir Sport

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Sodastream, fir manner Plastikoffall an dass ech manner Këschte schleefe muss

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Den éischte Januar, da sinn déi gutt Virsätz nach ganz frësch

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
E Glas Rosé op enger schéiner Terrasse mat Frënn

Mäin Dramauto wier en… ?
Déi stinn alleguer bei mir am Showroom am Garage Schmitz zu Miersch

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Hie war gesond bis an den héigen Alter

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Norichtensäite fir immer à jour ze sinn, mobile.de fir näischt um Autosmarché ze verpassen

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
D'Gebuert vu menger Duechter, do huet d'Liewen eng wonnerschéin nei Richtung kritt

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Op Zermatt Schi fueren an op Domburg bei d'Mier, mee ganz gär och op nei Plaatzen fir nei Geigenden a Leit kennen ze léieren

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Bohemian Rhapsody" vu Queen

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Onéierlechkeet a Stress ënner Matmenschen

Wat ass Äert Idol a firwat?
Den Nelson Mandela, well hien en Dram hat, deen an Erfëllung gaang ass

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Pink fir et ze froe, wéi et sech ufillt, fir iwwer 60.000 Leit bei engem Concert ze schwiewen

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Den australeschen Outback, do mierkt ee wéi kleng een als Mënsch ass

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Eintracht Tréier, well ech do vill Zäit verbruecht hunn

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Erin Brockovich

RTL ass fir mech… ?
E Stéck vu Lëtzebuerg, definitiv e "must-hear"