Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Mica Machado RTL Spot 1
Mica Machado RTL Spot 2
Mica Machado RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Spotify natierlech, Musek muss een dach kënnen iwwerall dobäi hunn!

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Am léifste Gegrills, well et do immens vill Variatioune ginn an et schmaacht no Summer!

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
D'Stad! Ech sinn immens gär an der Stad!

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
De Stau!! Kann een dat als Äntfert gëlle loossen?

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Dass d'Kanner scho sou fréi wéi méiglech mussen an engem Sportsveräin ugemeld sinn!

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Sou eppes wéi eng Weltrees wier scho richteg flott! Et gëtt dach sou vill hei op der Welt ze gesinn…

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
E speziellt Kësse fir Massagen

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Mäi Gebuetsdag, wëll ech do extra verwinnt ginn

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
E gudde kalen Gin!

Mäin Dramauto wier en… ?
E schéine sportleche Cabrio!

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
demasseur.lu - do gëtt geschafft!

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Ech versichen aus all Dag ee gudden Dag ze maachen!

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Am léifsten an d'Sonn, wou, ass relativ egal, ech brauch Ofwiesselung!

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Dat hängt vu menger momentaner Stëmmung of, dacks awer Lidder, déi ech am Auto voll opdréine kann!

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Mënschen, déi ëmmer negativ Laun hunn a Leit, déi kritiséiren, ouni ze argumentéiren.

Wat ass Äert Idol a firwat?
Mech inspiréiren allgemeng Leit, déi eng aner Visioun hunn oder anescht denken.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Doheem, well egal wéi schéin et dobaussen ka sinn, et ass een awer emmer rem frou kënnen doheem ze sinn

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Déi Filmer bei deenen ech wärend deems aschlofen, da sinn ech den nächsten Dag topfit! ;-)

RTL ass fir mech… ?
Den onëmgängleche Medium vu Lëtzebuerg!