Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Ronny Kettmann RTL Spot 1
Ronny Kettmann RTL Spot 2
Ronny Kettmann RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Spotify, well ech do iwerall meng Liblingsmusek lauschtere kann

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Lasagne, op traditionell oder vegetaresch, iessen ech emmer sou laang bis d'Dëppen eidel ass a wann ech se selwer maachen ass d'Dëppen ëmmer extra grouss :)

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Als Papp vun engem klenge Jong ginn et méi flott Saache, wéi ze liesen. Ech hun allerdengs eng ganz flott App „Blinkist“, mat där ee vu bal alle Bicher flott Resumeeë kritt an et kann een iwwer villes matschwätzen, wéi wann een d‘Buch ganz gelies hätt :)

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Doheem, mir wunnen net wäit vum Bësch an dat ass fir mech déi bescht Plaz fir ofzeschalten

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
De Stau hei zu Lëtzebuerg, et verléiert een souvill Zäit, wou ee méi flott Saache kéint maachen

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
E kënschtleche Strand, Mier a Palmen, dat wär dach schéin a mir missten net méi an d‘Vakanz goen

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Nach méi Zäit mat Famill a Kolleegen, well dat sinn déi schéinst Momenter!

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
E Bagger fir am Sand ze spillen, fir mäi Klengen natierlech! Ech mengen hie gëtt Entrepreneur :)

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
E gudde Rhum mat de Kolleegen

Mäin Dramauto wier en… ?
En Oldtimer! Awer ee, wou ech net selwer dru bastele muss, well daat kann ech net

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Am Léifsten guer keng/ech sti guer net gär am Rampeliicht, och wann ech et heiansdo fir mäi Betrib maache muss

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Google, hei fennt een alles och wann et net ëmmer daat Richtegt ass :)

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Den Dag, wou mäi Jong op d‘Welt komm ass

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Palma! D‘Flig si ganz flexibel, et as ee séier do an och mol nees zréck, d‘Wieder ass meeschtens ganz gutt an d‘Insel ass wonnerschéin! Ech entdecken am Léifsten ëmmer rem nei Plazen do

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Hotel California" vun den Eagles

Wat ass Äert Idol a firwat?
Mäi Papp! Hien huet mir gewisen, dass ee mat vill Fläiss alles schaffe kann

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mat menger Mamm, fir hier alles ze ziele wat déi läscht Joer alles geschitt ass

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
D'Malediven bis elo! Ech war do eemol op enger ganz klenger Insel, eleng, ouni Handy, nemme Sonn, schnorchelen an d‘Natur genéissen...

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
D'Yellowboys Weiler-la-tour, zanter 35 Joer do aktiv, haut méi als Sponsor wéi um Terrain an houfreg dass mir et elo als klenge Veräin an d‘Éierepromotioun geschafft hunn

RTL ass fir mech… ?
Gutt Kolleegen, 1. Adress zu Lëtzebuerg fir d‘Noorichten, Traffic Info an eng gutt Plaz fir Werbung