Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Alex Kapp RTL Spot 1
Alex Kapp RTL Spot 2
Alex Kapp RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
WhatsApp. Total einfachen Handling an easy fir mat Videoen an Fotoen ze kommunizéieren.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Roastbeef mat Fritten an Zalot. Ganz einfach well meng Fra, d'Yvette, dat esou gutt kann zoubereede, wéi keen aneren, einfach Weltklass!

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
D'Éislek. Well ech all Sonndes moies do mam Velo ënnerwee sinn a fannen dat iwwer d'Grenzen eraus eng mega schéi Vue a Landschaft

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
D'Atombomm. Ech fannen, esou eppes brauch d'Mënschheet net, zemol an déi Länner, wou se verfügbar ass, hun ech null Vertrauen un déi Leit, déi do d'Soen hunn.

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
De Klimawandel. Ech sin der Meenung, dass dat der Mënschheet aktuell hier gréisst Erausfuerderung ass an ech mech froe, wéi solle mir do eraus kommen.

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
E private Fliger. Sou könnt ech aleng oder mat menger Famill ouni Stress a Stau an och kuerzfristeg iwerall hifléien.

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Als Eenzelhändler a lëtzebuerger Geschäftsmann ginn ech léiwer an d'Geschäfter selwer, wéi online ze bestellen.

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Krëschdag. Ech fannen, dat ass dee schéinste, festleche Feierdag vum Joer an ass bei eis Traditioun, wou déi ganz Famill  zesummen as, a jidderee Kadoe kritt.

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Roude Wäin aus Italien mat enger Präfärenz fir den Amarone. No engem gudden Iessen ass et dann ëmmer en Espresso mat engem gudde Rhum Zacapa

Mäin Dramauto wier en… ?
Als Fan vun den italieneschen Autoen wär et absolut e Ferrari Testarossa

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Dat ass den 21. November 1976. Aus dem einfache Grond, well dat ass de Gebuertsdag vu menger 1. Duechter Sandra.

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
An Italien, zu Mailand. Schéi Geschäfter, schéi Restauranten, d'Leit all super gekleet a sympatesch. D'Iessen an hieren extra gudde Wäin droen och dozou bäi

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Tous les garçons et les filles", net nëmmen als grousse Fan vum Françoise Hardy, mee dat erënnert mech och un déi gutt al Zäit vun deenen schéine "chansons françaises" aus menger Jugend

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Angeber a Leit, déi kee Respekt hunn a sech fir eppes hierginn, wat si awer net sinn, a scho guer net beherrschen.

Wat ass Äert Idol a firwat?
De Cristiano Ronaldo. Seng Astellung zu sengem Beruff a seng Präsenz um Terrain ass eemoleg. Säin Zitat: Ech stinn all Dag op mam Zil fir besser ze ginn. Dat ass dat, wat ech och ëmmer denken.

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Till Schweiger. Ech fannen hien einfach e mega Filmschauspiller an en eenzegartege Mënsch, deem ech vill Froe kinnt stellen.

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Den SC Freiburg. Si bréngen et iwwer Joere konstant fäerdeg an ëmmer erëm nei Talenter ze forméieren an um héchsten Niveau an der Bundesliga mat ze spillen, ouni grouss Budgeten

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"Pretty Woman" mam Julia Roberts. E Film, deen ech mir schons e puer mol ugekuckt hunn an dee mech ëmmer erëm mat Tréinen a Laache begléckt.

RTL ass fir mech… ?
E grousst Stéck Letzebuerg, wat ech all moies an owes mat groussem Interessi lauschteren. Fir mech esou wéi d'Belle Etoile: zu Lëtzebuerg net eweg ze denken.