Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Isabelle Lentz RTL Spot 1
Isabelle Lentz RTL Spot 2
Isabelle Lentz RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Todoist - eng Applicatioun fir kënne gutt organiséiert ze sinn

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Alles! Esou laang ech net eleng muss iessen

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
"Le Manuscrit inachevé" vum Bruno Thilliez - eng Nummer ze spooky fir mech, mee super spannend

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Mäin Iessdësch - well do emmer Frënn a Famill sëtzt!

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
E besse méi Zäit mat menge Kanner

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Bicher fir am Summer ze liesen

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Mäi Gebuertsdag! Eng richteg gutt Excuse fir kënnen ze feieren

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Waasser, Téi - a selbstverständlech: et geet näischt iwwer e gudde Béier.

Mäin Dramauto wier en… ?
Den éischten, autonomen Electro-Auto, ech fueren nämlech net gäer

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
"Isabelle Lentz passe son bac avec mention "Excellent"! Avec une moyenne de 59!"

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
RTL.LU - all néideg Infoen

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
All Dag! Et hängt vun der Astellung of!

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Op d'Land an Däitschland - well ech do kee kennen, well et do schéin a roueg ass a well ech do kann e puer Bicher liesen

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Hunn u sech kee Lieblingslidd - all Lidd ass cool um 3 Auer Moies an der Disco :)

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Leit, déi d'Wouerecht net soen!

Wat ass Äert Idol a firwat?
E Mix vu verschiddene Leit…

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mat menger Groussmamm déi virun 20 Joer gestuerw ass.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Iwwerall - wann ech ka mat mengen 2 Kanner a mat mengem Mann sinn

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
All ASBL-Associatioun, déi anere Leit an Nout hëlleft

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
...ech schloofen ëmmer virum Schluss an

RTL ass fir mech… ?
...eng cool Begleedung duerch mäin Dag!