Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Charles Mersch RTL Spot 1
Charles Mersch RTL Spot 2
Charles Mersch RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Whatsapp, ech benotzen se de ganzen Dag, et leeft alles do driwer an ass och secher

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Eng gutt Côte à l'os, richteg gegrillt, mat hausgemaachte Fritten, Mayo, Zalot a roudem Wäin

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Keent, an Zäite vun iPad, iPhone an Netflix fält dat eweg

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
D'Aalstad, de Gronn, de Bock, well dat nach richteg lëtzebuergesch Geschicht ass, a wonnerschéin

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Den Aarmut op der Welt! Ech fannen, et soll jidderengem gutt goen an dann hätte mir vill Problemer manner

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Ech géif eng Léisung fannen, dass d'Leit méi belleg Taxi kënne fuere, wa si eraus ginn. Esou kënne se iesse goen, eppes drénken a komme gutt heem

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Eng Weltrees mat mengem Meedchen, fir all déi Plazen ze besichen, wou hatt onbedéngt wëll hinn

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Sportsschong, well ech déi leider net hei ze kaafe kréien

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Helleg Owend, well d'Famill dann zesummen ass, a gutt giess gëtt.

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
E gudde, roude Wäin, natierlech neess bei engem gudde Stéck Fleesch

Mäin Dramauto wier en… ?
E Porsche GT2 RS

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Op hastens.com, well een do déi beschte Better vun der Welt fennt ;-)!

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Wéi mäi Meedchen op d'Welt komm ass.

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Op Las Vegas, well ech domat vill schéin Erënnerunge verbannen

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"I did it my way", well mäi Papp dat esou schéi séngt

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Jeff Bezos, ech mengen, ech kéint nach vill vun him léieren. Hien huet d'Welt einfach op d'Kopp gestalt mat deem, wat hien erschaaft huet.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Lëtzebuerg! Mir reesen all gär, mee déi Meescht sinn awer emmer nees frou, wa se nees am schéine Lëtzebuerg sinn

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"Bohemian Rhapsody", d'Geschicht vum Freddy ass einfach mega! Ech hunn déi Musék éiweg héieren a menger Kandheet

RTL ass fir mech… ?
Déi bescht Méiglechkeet, fir zu Lëtzebuerg Reklamm ze maachen