Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Christianne Wickler RTL Spot 1
Christianne Wickler RTL Spot 2
Christianne Wickler RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
whatsapp, fir de gudde Kontakt mat Mënschen an d'Météo fir ëmmer de passenden Outfit ze hunn :)

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Gromperenzalot, dat ass meng Madeleine de Proust

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
"Hippie" vum Paulo Coelho

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Lëtzebuerg ass kleng a soignéiert, et ass iwwerall schéin

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Den Honger an der Welt, déi eng hunn zevill an déi Aner net genuch

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
E Vaccin géint d'Jalousie, dat Gefill ass kontraproduktiv

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
En 8. Dag an der Woch

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Ech hunn alles a menge Buttiker

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Ech maache mir all Dag schéin, dat ass eng Decisioun

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Frëschen Orangejus mat Gingembre

Mäin Dramauto wier en… ?
Een, deen net vun de Radare gepëtzt gëtt

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
E passionéiert Schaffpäerd

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Vogue, Moud ass Kultur, an dat interesséiert mech immens

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
D'Gebuerte vu menge Kanner, also 4 Deeg

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Ech sin dat ganzt Joer an der Vakanz a menger Entreprise

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Money" vu Pink Floyd, ech si Geschäftsfra ;-)

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
E wäissen T-shirt matt kuerzen Äerm ënnert engem wäissen Hiem mat laangen Äerm

Wat ass Äert Idol a firwat?
D'Anna Wintour, eng absolut Expertin

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Elon Musk, hien ass en Dissident an denkt anëscht

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Tel Aviv, et ass déi Stad vun de Leit, déi ënnerhuelen, Entrepreneuren

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Miles and more, reesen ass Educatioun

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"Le sens de la fête", d'Fransouse brengen et ëmmer mat vill Humor fäerdeg, percutant Messagen eriwwer ze bréngen

RTL ass fir mech… ?
Hei elei, kuck elei