Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Luc Welter RTL Spot 1
Luc Welter RTL Spot 2
Luc Welter RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Ech hunn net nëmmen eng, well ech sinn e grousse Benotzer vun Appen. Ech hunn der méi wéi 200 op mengem iPhone. Am Moment benotzen ech vill "Strava", wann ech mam Vëlo ënnerwee sinn, mee och de Fotoapparat vum iPhone a geschwënn d'"Smart Postcard" fir richteg Postkaarten ze schécke mam Smartphone, wa mir an der Vakanz sinn.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Eng “Soupe de poisson” als Entrée an da “Muschelen ail et crème” op der belscher Plage

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
"21 leçons pour le XXIème siècle" vum Yuval Harari. E faszinant Buch iwwert eis Zäit

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
D'Musel natierlech, wou ech wunnen, mam Waasser a mat de Felder a Bëscher, déi mir an der Géigend hunn.

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
D'CO2-Emissiounen op der Welt. Ech mengen, ech brauch Iech net ze soen, firwat.

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
E Medikament géint de Kriibs. Mäi Schwéierpapp ass doru gestuerwen

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Am Moment näischt.

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Eng Nuecht an engem Hotel zu Oochen, well eist Meedche geet do op d'Uni a mir sinn am gaang seng Wunneng ze meubléieren an ze équipéieren.

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Déi Woch ëm Chrëschdag, well da gëtt mat der ganzer Famill gefeiert. Et kléngt vläicht e bëssen almoudesch, mee d'Ambiance ass einfach genial.

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
E gudde Crémant vun der Musel. Mee ech muss soen, dass ech och näischt géint e Westvletern Trapistebéier hunn. Et kann een dee just am Klouschter zu Westvleteren kafen, dat ass bei Ieper an der Belsch. Et ass de beschte Béier vun der Welt laut ratebeer.com

Mäin Dramauto wier en… ?
E voll elektrëschen Auto

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Ech hätt léiwer eng Iwwerschrëft iwwer meng Équipe, wéi iwwer mech. Z.B.: "Dat bescht Kommunikatiouns-Team vum Joer”

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
A mengem Beruff sinn et d'Noriichtesäiten an alle Medien.

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Et sinn der zwee: d'Gebuert vun eisen 2 Kanner.

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Mir fueren am Moment op méi wäit Destinatiounen fir eise Kanner aner Kulture méi no ze brengen an d'Leit vun do kennen ze léieren.

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Bohemian Rhapsody vu Queen. 44 Joer nom Enregistrement ass dat Lidd nach ëmmer TOP.

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Ongerechtegkeet, Onéierlechkeet a Ligen

Wat ass Äert Idol a firwat?
Ech weess net, op ee ka vun engem Idol schwätzen, mee ech hunn en immense Respekt vum Nelson Mandela. Ech hunn hien zu Bréissel an den Nonzeger Joere gesinn. Ech war och seng Prisongszell a Südafrika besichen, wou hien 18 Joer verbruecht huet, an ech respektéiere wat hie fir säi Land gemaach huet! A keen Haass géint déi, déi hie gefoltert hunn.

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Barack Obama, fir seng Vue vun der Zukunft ze héieren

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Ayers Rock an der Mëtt vun Australien. Well et esou irreell ass: e Steen mat enger Héicht vun 330 m an eng Strooss vun 9 km, déi ronderëm geet an der Mëtt vum Busch.

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
De Museksveräin vu Mäertert, mat deem ech d'Chance hunn, Theater ze spillen

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Star Wars Episode 1 well et den Ufank vun der Geschicht ass

RTL ass fir mech… ?
D'Noriichte vum Land