Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Goy Grosbusch RTL Spot 1
Goy Grosbusch RTL Spot 2
Goy Grosbusch RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Spotify, well ech all Dag Musek lauschteren, am Auto oder beim Sport

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Pissenlits-Zalot mat Croutonen a more Speck

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Ech liese méi Business-Bicher an am Moment "The Power of Habit" vum Charles Duhigg

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
De Mëllerdall, well ee sech liicht depayiséiert fillt an d'Natur einfach wonnerschéin ass

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Armut an Terror, well et Theme sinn, déi eis dagdeegleg begleeden an et nemme schwéier ass, Léisungen ze fannen

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Weltwäit fräie Roaming, well do heiansdo Rechnungen ob een duer kommen, wou een op de Réck fält

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Eng éiweg Gesondheet, well et eppes vun deene wichtegste Saachen am Liewen ass

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Pampers a Water Whipes fir mäi Kand

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Chrëschdag, well ech et genéissen, Zäit mat menger Famill ze verbrengen

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
E frësch gezaaptene Battin aus dem original Tulpeglas mat genuch Schaum an äiskal

Mäin Dramauto wier en… ?
En ale VW T1 Bus

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Vill op Youtube, well ech gäer Videoe vun TED Talks, David Rubenstein an aner interessant Interviewe kucken

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
D'Gebuert vu mengem Jong am Februar, well et e ganz emotionale Moment war, zesumme mat menger Fra an de schéinste Cadeau vun der Welt ass

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
An d'Schwäiz an d'Bierger, well een do kann ofschalten an dei frësch Loft engem de Kapp fräi mecht

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Ech hunn e puer Lieblingslidder, mee am Generelle sinn et Lidder, déi eng gutt Laun verbreeden

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Wann d'Employeeën sech aus Trotz krank schreiwen an allerhand Krankheeten erfannen

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Jeff Bezos, well seng Perséinlechkeet mech inspiréiert an ech seng Geschicht ganz interessant fannen

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Costa Rica, well d'Natur mech dohannen total faszinéiert

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"The Truman Show", deen 1998 erauskoum, well ech laang geduecht hunn, mir géing et d'selwecht goen ewéi dem Jim Carrey, nodeems ech de Film gesin haat

RTL ass fir mech… ?
E Radio, deen ech all Dag um Büro lafen hunn an deen déi wichtegst Norichte séier an op eng flott Manéier ënnert d'Leit bréngt