Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Carolyn Gobran RTL Spot 1
Carolyn Gobran RTL Spot 2
Carolyn Gobran RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
"Sling", op där ech mäi "Staff scheduling" drop maachen, "Tiny Scanner" well se mir hëlleft am Alldag meng administrativ Tâchen ze simplifiéieren an Instagram, wou vill vun eisem Marketing driwer leeft.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Ganz gär asiatesch, am Léiwste vietnamesesch, well déi Kichen Lactose- a glutefräi ass.

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
1984 vum George Orwell, well hien an d'Zukunft konnt gesinn

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Eis schéin Natur, well se mir gutt deet

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Ongläichheet tëscht Fraen a Männer - d'Ongerechtegkeet vum Congé parental tëscht Mamm a Papp

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Virdeeler fir lokal lëtzebuerger Entreprisen, a fir déi grouss auslännesch Entreprisen, déi op Lëtzebuerg kommen

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Mäin nächst Investissement ass nach "in the making" - stay tuned!

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Ech well net um Internet kafen, well ech lokal Betriber well ënnerstëtzen. Mee ech hunn e spezielle Fön kaf, deen et net hei zu Lëtzebuerg gëtt

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Chrëschdag, wou d'Famill zesummen ass

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Natierlechen Téi

Wat ass Ären Dramauto?
En elektreschen Auto, dee méi wéi 500 km an engem Stéck ka fueren

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Déi gebierteg Lëtzebuergerin, déi a Schweden grouss ginn ass, huet dee skandinavesche Lifestyle zu Lëtzebuerg zum erfollegräiche Business gemaach

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Google

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Deen Dag, op deem ech mech bestued hunn

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
A Schweden, well dat nach emmer en Doheem fir mech ass

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Boasty"  - well meng kleng Nies esou super dorop danzt 

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Ongerechtegkeet

Wat ass Äert Idol a firwat?
Meng Mamm a meng grouss Schwëster, well si esou staark Frae sinn

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Oprah Winfrey, well si ass esou erfollegräich an interessant

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
De Lago di Como, well en esou schéin ass an een do esou gutt entspaane kann

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
FJD (Fédération des Jeunes Dirigeants d'Entreprise), well ech do engagéiert Leit kenne léieren

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Den Documentaire "HEAL" op Netflix, dee weist wéi ee säi Kierper psychologesch kann heelen

RTL ass fir mech… ?
Eng gutt Informatiounsquell a fir meng Clientèle ze erreechen