Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Lynn Hilger RTL Spot 1
Lynn Hilger RTL Spot 2
Lynn Hilger RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Youtube - déi bitt engem d'Méiglechkeet, Musek ze lauschteren, niewt Informatiounen an Ennerhalung.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Eng Zalot Caprese mat frëschem Basilikum a gudden, zeidegen Tomaten, déi d'Sonn gesinn hun an och wierklech no Tomat schmaachen, wat leider nëmmen am Summer ze fannen ass.

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Eigentlech ëmmer nach dem Michelle Obama säi "Becoming"… Leider hunn ech d'Buch zanter Chrëschtdag net méi opgemaach, well ech meng Fräizäit léiwer mat menger klenger Duechter verbrénge, wéi ze liesen.

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Doheem mat der Famill op der Terrass.

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
De Plastik! Dat wier méi schounend fir eis Ëmwelt an eis Gesondheet. An natierlech géif och d'Konkurrenz um Fënstermaart wesentlech méi kleng ginn ;-)

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Méi Gläichheet tëscht Aarm a Räich, soudass ënner anerem kee méi Honger leide muss.

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Méi Zäit mat Famill a Frënn. Well dat déi schéinst a kostbarst Momenter am Liewe sinn.

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Schlappen.

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Do gëtt et keen eenzelnen Dag. Dat kann all Dag sinn. Et hängt natierlech dovun of, wat een aus all Dag mecht.

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Hm… am Léifsten e gudde, roude Wäin. Am Meeschte kaalt Waasser aus dem Krunn.

Mäin Dramauto wier en… ?
E Ford Mustang Shelby GT500 vun 1967

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Ech muss näischt iwwer mech liesen.

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Google - séier an ëmfangräich.

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Den Dag vun der Gebuert vun eisem Meedchen.

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Mat der Famill an d'Provence, wéinst der Sonn, dem gudde Wäin an dem Iessen, de schéine Velostouren, déi een do ka maachen, de provinzialesche Mäert a virun allem wéinst deem onbeschreiflech, kloere Liicht.

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Ech lauschteren ze vill Lidder immens gär fir ee Lieblingslidd ze hunn.

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Ligen a Respektlosegkeet.

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Michelle Obama - eng staark Perséinlechkeet, mat enger immenser Ausstrahlung. Fir mech eng bewonnerenswäert an intelligent Fra, déi ëmmer mat de Féiss um Buedem bliwwen ass.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Doheem bei der Famill, well ech mech do am wuelste fillen.

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"Forrest Gump" - e Klassiker, deen ech ëmmer ërem kucke kann. Fir mech den Tom Hanks a senger beschter Roll. E Film, dee weist dass ee mat der richteger Astellung villes erreeche kann.

RTL ass fir mech… ?  
Déi Informatiounsquell vu Lëtzebuerg.