Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Olivier Toth RTL Spot 1
Olivier Toth RTL Spot 2
Olivier Toth RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
Dat wiesselt alt emol, "Shazam" gehéiert zu den Apps, déi ech dacks notzen an och nach "Kickstarter", well ech mech gär fir Kreativitéit an Iddie begeeschteren

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Ech hun e Faibel fir déi italienesch, éisterraichesch an ungaresch Kichen, ee vu menge Lieblingsplaten sinn d'Schnitzele, wa meng Mamm se mecht :-)

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
"Origin" vum Dan Brown hun ech grad fäerdeg gelies

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Ofgesi vun doheem sinn ech gär an der Stad ënnerwee oder op der Musel

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
De Krich an de Firwat erklärt den Udo Lindenberg mat immens richtege Wieder

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Gläich Rechter, a wierklech fir jiddereen

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Méi Zäit fir meng Famill a meng Frënn, dat sinn déi wäertvollst Momenter

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Ech kafe léiwer am Butték, hu mir awer e Synthesizer bestallt, deen ech hei net kréien

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Dat Schéint um Liewen ass dach, dass dat all Joer en aneren Dag ka sinn

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
E gudden italienesche Wäin, wäiss oder rout jee no Laun ;-)

Mäin Dramauto wier en… ?
Ech hu mir d'lescht Joer eng giel Vespa kaaft ;-)

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Et gëtt net wierklech eng Lieblingssäit, ech si generell vill am Internet ënnerwee

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Definitiv d'Gebuert vu menge Kanner, villes huet dunn eng aner Perspektiv kritt

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Do wou ech oofschalten (e besschen ;-)) kann, eng speziell Plaz gëtt et net

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Et gin der zevill, mee live "Never let me down again" vun Depeche Mode erliewen ass emmer en immense Moment

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Onéierlech Mënschen

Wat ass Äert Idol a firwat?
E speziellt Idol hunn ech net, ech inspiréiere mech awer gär u Leit déi eng Visioun hunn, och alt emol anescht denken, a se duerchzéien. Musikalesch sin dat zum Beispill de Peter Gabriel, den David Bowie oder de Freddie Mercury

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen ?
Mam John Malkovich

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Doheem, well do déi bescht Mëschung aus Trubel a Rou herrscht :-)

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"Forrest Gump", wéinst der Geschicht, hierer Moral an der Emsetzung, "Lost Highway" a "Leaving Las Vegas" wéinst der Koherenz tescht Biller, Geschicht, Schauspiller, Ambiance a Musek

RTL ass fir mech… ?
E Steck Letzebuerg wat mech duerch den Dag begleet, an awer och Radio Luxembourg, dee Sender, dee Rock- a Pop-Musek och an de Rescht vun Europa bruecht huet