Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Sophie Haas RTL Spot 1
Sophie Haas RTL Spot 2
Sophie Haas RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
"Polar Flow", well ech de Moment erem probéiere regelméisseg lafen ze goen.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Mieresfriichten, dat erënnert mech un d'Vakanz

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
"La sorcière" vum Camilla Läckberg, e skandinavesche Krimi

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Zu Veianen, do hun ech schéin Erënnerungen aus menger Kandheet

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Videospiller. Meng Kanner fänken u sech dofir ze interesséieren, an dat mecht mir Angscht.

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Manner Naturkatastrophen, dat wier gutt fir de Klimawandel a fir mäi Beruff Assureur

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
E Segelschëff fir domadder eng Weltrees ze maachen

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Kleeder

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Den éischten Dag Vakanz

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Schampes

Mäin Dramauto wier en… ?
En Audi R8 oder e VW California

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Am léifste guer keng

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Allgemeng op Mediesäite fir ëmmer informéiert ze sinn, wat an der Welt geschitt.

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Natierlech déi 2 Deeg wou meng Kanner op d'Welt komm sinn

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Am Wanter an d'Schwäiz fir Ski ze fueren an am Summer a Südfrankräich

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Imagine" vum John Lennon. Esouwuel de Message, wei och d'Melodie gefale mir gutt.

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Leit, déi ëmmer midd sinn an den Ausdrock "et huet souwisou kee Wäert"

Wat ass Äert Idol a firwat?
Ech hunn am Fong keen Idol.

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Roger Federer, mee éischter fir Tennis ze spillen, wei fir z'iessen :-)

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
De Great Barrier Reef an Australien, do ass d'Natur immens schéin a bal intakt.

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Ech hu kee Lieblingsveräin, a kucke guer kee Fussball.

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"American Beauty" an "Into the Wild". An deenen 2 Filmer si philosophesch Messagen, déi mech interpelléieren.

RTL ass fir mech… ?
Mäi Radio am Auto