Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Georges Rinnen RTL Spot 1
Georges Rinnen RTL Spot 2
Georges Rinnen RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
WhatsApp - Verdeele vu verschiddenen Informatiounen un déi richteg Leit

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Spaghetti mat Scampi

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
D'Biographie vum Elon Musk

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Eis Weieren am Ausgank vu Cliärref - Entspanung virun der Hausdir

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Déi anonym Commentaitren am Internet an d'Ufangsgehälter beim Staat géif ech op 20% ënnert déi am Privatsecteur setzen

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Eng onofhängeg Opnam vum Fuussebestand hei zu Lëtzebuerg

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
E Sportfliger - als begeeschterten Hobbypilot

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Eng Piloteposch

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Den 1. Mee - well dann de Bock opgeet

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Schampes a Wäin

Mäin Dramauto wier en… ?
Porsche 911 Turbo S

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Dem Google säi Plätterchersleeër

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
RTL.lu - emmer dat Wichtegst vum Dag

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Deen Dag, wou ech mäin éischten Hirsch geschoss hunn

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
An Éisterräich - d'Bierger hunn zu all Joereszäit hiere Charme

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
"Deine Schuld" vun Die Ärzte - deen Text huet eng gewëss Woueregt

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Leit ouni Réckgrat an ouni Meenung

Wat ass Äert Idol a firwat?
Den Elon Musk, well hien et mat Technik a Wessen zum Erfolleg bruecht huet a sénge Visiounen trei bliwwen ass

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Xavier Bettel - fir mat him iwer di aktuell iwerdriwwe gréng Politik ze schwätzen

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
D'Europäesch Unioun - "in der Vielfalt geeint"

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
D'FSHCL - d'Lëtzebuerger Jeeër Fédératioun - déi eenzeg mat gesondem Mënscheverstand bei der aktueller grénger Polemik

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Avatar - en enormen technischen Opwand

RTL ass fir mech… ?
All déi néideg Informatiounen aus enger Hand !