Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Charline Wengler RTL Spot 1
Charline Wengler RTL Spot 2
Charline Wengler RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
"Apple Music", well ech immens gär a vill Musek lauschteren.

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Pasta. Well ee mat net vill Schnick-Schnack eppes ganz guddes kann zauberen.

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Ech liesen am Fong keng Bicher. Wann ech liesen, dann éischter Zeitungen oder online Artikelen.

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Beim Mudam hannen op der Wiss, do huet een déi schéinst Vue op d'Stad :-)

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Den Armut op der Welt, jidderee soll kennen d'Chance op e gutt Liewen hunn. An de Klimawandel, wann et dofir net schonn ze spéit ass.

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
E "Beamer" fir Mensche kënnen ze teleportéieren, daat wier super, da kéint ee ganz séier an ouni vill Opwand vun der enger Plaz op eng aner kommen. Dat géing dobäi och vill Problemer léisen.

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Weiderhin nach ganz vill schéi Momenter mat menger Famill a Frënn. Well een där ni genuch ka kréien.

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Schnorchelmaske mat deene mir an der Vakanz tauche gaang sinn.

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Als Ancien vum Iechternacher Lycée ass dat natierlech d'Sprangprozessioun.

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Am léifste roude Wäin aus der Bourgogne, wéi zum Beispill "Gevrey Chambertin", "Vosne Romanée" oder italienesch aus dem Piemont. E gudde Cocktail schmaacht mir natierlech och ganz gutt :-)

Mäin Dramauto wier en… ?
En Oldtimer awer am Cabrio, well ech deck gär géif mat openem Daach fueren.

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
"Best next generation performance of the year!"

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Op Instagram, well ech d'Fanger einfach net kann dovu loossen :-)

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Ech probéieren aus all Dag e schéinen Dag ze maachen.

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Op allefall an d'Sonn, fir de Rescht ëmmer op eng aner Plaz fir vill neies ze entdecken.

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Alles vu "Florence and the Machine", well ech einfach e mega Fan sinn.

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Leit, déi ëmmer eppes ze jéimeren hunn, a granzeg sinn.

Wat ass Äert Idol a firwat?
D'Kate Moss, well ech dat vu Klengem un eng cool Moss fannen.

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Florence Welch, fir e gutt Gliesche Wäin mat him ze drénken an et ze froen, wéi hatt et fäerdeg bréngt, esou eng enorm Show aus eigentlech rouege Lidder op d'Been ze stellen.

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Do wou een sech doheem fillt, dat heescht bei de Leit, déi mir wichteg sinn

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Borussia Dortmund, well ech Bayern München net kann ausstoen.

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"Bohemian Rhapsody", well ech e grousse Fan vu Queen sinn an déi Verfilmung mega fonnt hunn.

RTL ass fir mech… ?
Natierlech déi bescht Quell fir Norichten hei am Land an duerfir och déi bescht Plaz fir Reklamm ze maachen.