Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.

Nadine Nicks RTL Spot 1
Nadine Nicks RTL Spot 2
Nadine Nicks RTL Spot 3

Wat ass Är Liblings-App a firwat?
booking.com - et gëtt näischt méi Schéines, wéi vu Vakanz ze dreemen an heiansdo dann och ze reservéieren

Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Nuddelen - an all senge Fassongen, et ginn esou vill verschidde Rezepter an et gëtt ni langweilig.

Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Ee Krimi, den Titel verhalen ich net, d'Handlung ass spannend, an esou ee Krimi hëlleft mer ofzeschalten

Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
Meng Heemécht Béiwen ronderëm de Stau, wonnerschéin Natur, a natierlich Cliärref, déi schéi romantesch Stiedchen am Norden

Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Den Näid, dee mecht esou vill futti an um Enn huet keen eppes dovunner

Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Pfand op de Fläschen - an eng fatzeg Strof fir déi, déi de Knascht ewech geheien

Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Eng schéin Afaart an eng Garage, ech hunn nämlech nach keng

Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Den Oflaf vu menger Rees

Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
All Dag, wou ech ka mat Leit laachen, ass e schéinen Dag

Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Kaffi a fir owes ee gudde Patt Rouden

Mäin Dramauto wier en… ?
E Mini John Cooper Works

Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
"Iwwerzeegent mat Humor a Kompetenz"

Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
Am Meeschte sichen ech op Amazon

Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Mäin 30. Gebuertsdag - wou meng zwee Bridder mir e Gedicht virgelies hunn - een onvergiessleche Moment

Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Am Léifsten an de Süden, Sonn a Mier, schéi romantesch Dierfer a gutt Iessen

Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Et gëtt keen ee Lieblingslidd. Ech sinn e Fan vu Queen - mol rockeg mol roueg.

Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Negativ agestallte Leit - si si blann fir dat Schéint am Liewen

Wat ass Äert Idol a firwat?
Meng Elteren, si hu mech geformt a gehollef ze ginn, wéi ech haut sinn

Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mam Bruce Willis, awer net fir z'iessen, mee just fir hien ze kucken ;-)

Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Mäin Doheem, schéi roueg am Norden an no bei Frënn a Famill, perfekt

Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Ech sinn an e puer Veräiner selwer aktiv an de Moment ass d'Asbl "Frënn vum Musée Thillenvogtei" meng Leidenschaft

Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
"Superjhemp retörns" hat mer gutt gefall. Ech sinn awer en Netflix-Junkie - schwéier fir mech op 1 Film festzeleeën

RTL ass fir mech… ?
Info, Witz an ëmmer do!