
Christiane Wagner, Responsabel fir Marketing & Kommunikatioun Voyages Emile Weber /
Mir stellen Iech bekannte Lëtzebuerger Geschäftsleit a Responsabeler aus dem Marketing an der Kommunikatioun emol aus engem anere Bléckwénkel vir.
Wat ass Är Liblings-App a firwat?
"Petit Bambou" fir ze meditéieren oder "Spotify"
Wat iesst Dir am Léifsten a firwat?
Pasta an alle Varianten
Wéi e Buch liest Dir den Ament ?
Laurent Gounelle - "L'homme qui voulait être heureux"
Wéi eng Plaz hei zu Lëtzebuerg gefält Iech am Beschten a firwat ?
D'Musel, do wunnen ech
Wann Dir elo direkt eppes kéint ofschaafen, wat wier dat dann a firwat ?
Steierklass 1A fir d'Monoparentaux
Wann Dir elo direkt eppes kéint aféieren, wat wier dat dann a firwat ?
Méi Respekt fir d'Matmënschen, d'Ëmwelt an d'Déieren
Wat géift Dir Iech gär leeschten a firwat?
Méi Fräizäit
Wat hutt Dir fir d’läscht um Internet bestallt ?
Ech bestellen net ganz vill online, ech gi gäer an d'Geschäfter fir den direkte Kontakt an Austausch ze hunn.
Wat ass fir Iech dee schéinsten Dag am Joer a firwat?
Mäi Gebuertsdag, well et ass schéin, wann aner Leit un een denken a wann ee gutt verwinnt gëtt
Wat drénkt Dir am Léifsten ?
Waasser oder och emol eng Coupe Crémant
Mäin Dramauto wier en… ?
En Alfa Romeo Spider
Wéi eng Iwwerschrëft géift Dir gär eng Kéier iwwer Iech liesen ?
Huet seng Dreem realiséiert a seng Elteren kennen houfreg op et sinn.
Op wéi enger Internetsäit surft Dir am Meeschten a firwat?
google.com fir op meng vill Froen eng Äntwert ze kréien
Wat war bis elo dee schéinsten Dag an Äerem Liewen a firwat?
Den Dag wou mäi Meedchen op d'Welt komm ass
Wou fuert Dir am Léifsten an d’Vakanz a firwat ?
Op d'Insel Elba - eng flott Kombinatioun vun Natur, Bierger a Mier
Wat ass Äert Lieblingslidd a firwat ?
Villes vu Queen, David Bowie, Muse….
Wat kënnt Dir op der Doud net ausstoen ?
Ongerechtegkeet
Wat ass Äert Idol a firwat?
All déi Leit déi sech aktiv fir eis Natur an eis Déieren asetzen
Mat wiem géift Dir gär am Tête-à-tête zesummen iessen a firwat?
Mat mengen Elteren, wat leider net méi méiglech ass, well si verstuerwen sinn
Wat ass fir Iech déi schéinste Plaz op der Welt a firwat?
Eng vun de schéinsten, déi ech bis elo gesinn hunn, ass Bali
Wat ass Äere Lieblingsveräin a firwat ?
Déi, déi sech fir eis Kanner, eis Zukunft asetzen.
Wéi e Film huet Iech bis elo am Beschte gefall a firwat?
Et sinn der vill…
RTL ass fir mech… ?
Dynamesch ëmmer gutt informéiert ze ginn. Awer och Leit, mat deenen ech schon zanter iwwer 20 Joër an der Kommunikatioun gutt a gäer zesumme schaffen