75 Joer Ferrari stinn haut am Mëttelpunkt vum Automag. Dat aus guddem Grond. Wëll wien Ferrari seet, seet och Enzo Ferrari, an deen huet 1947 zu Maranello d’Sportswon Manufaktur gegrënnt.

De Christian Schmit gratuléiert an huet sech fir d’Faszinatioun Ferrari interesséiert.

14/03/2022 Automag 75 Joer Ferrari (MAT USO)

„ Cavallino rampante”, d’Päerd wat spréngt, dee Logo ass als Symbol op der ganzer Welt e Begrëff.

E Glécksbrénger sollt et sinn, dat schwaarzt Päerd op gielem Grond, di giel d’Faarf vu senger Heemechts Stad Modena.

2022 feiert Ferrari seng 75. Jo d’Legend vun de rouden Dram Autoe lieft nach haut vum Personnage Enzo Ferrari.

Den 12. Mäerz 1947, also zimmlech genee virun 75 Joer ass eng éischte Kéier den 12 Zylinder demarréiert ginn. De Modell 125 S war deen éischte Ferrari.

Vun Ufank un goung et dorëms mat de Succèse bei Coursë Pub fir seng Sportsween ze maachen.

Elo gouf fir de 75. en extra Logo kreéiert an doriwwer eraus eng besonnesch Skulptur geschaaf aus dausende Stécker aus der Fabrik. Déi soll un den Teamgeescht vun de Mataarbechter an un di grouss Ferrari Familia erënneren. Ganz am Geescht vum Enzo Ferrari:

„Fabricke bestinn aus Mënschen, Maschinnen a Gebaier, a Ferrari an éischter Linn aus Mënschen“, esou seng Wieder.

Keng Mark ronderëm de Globus huet esou vill trei Unhänger wéi Ferrari.

Mir hu Rendezvous mam President vum Ferrari Club Lëtzebuerg, dem Patrice Silverio.

Wéi grouss ass di Ferrarista Communautéit bei eis?

D'Communautéit ass relativ grouss, mir hu ganz vill interessant a rar Modeller ugemellt. An eisem Club, eng 70 Member, a bei deenen hu mir elo Propriétaire vu ganz neien Autoen, awer och de Kollektioneur déi schéin Oldtimer doheem an der Garage huet.

RTL

RTL

Faszinatioun Ferrari, aus senger Siicht?

Ferrari ass eng Geschicht fir mech. Ech mengen do ass de ganze Motorsport hannendrun, et ass einfach eppes Aussergewéinleches, de Mythos mir hunn et ugeschwat, et ass eng Séil dran, a bon haut ass dat vläicht net méi politesch korrekt, mee wann een deen démarréiert, dat ass eppes wat duerch de ganze Kierper geet.

Ferrari, vun Ufank un eng Success Story op der ganzer Welt. Kleng Kanner associéiere scho rout Sportsween gläich mat Ferrari.

An hire «Commendatore», sollt nach vill Erfollegs Modeller zu Maranello lancéieren.

Ferrari, dat sinn awer och Rekorder am Motorsport a ganz bekannt Nimm am Cockpit?

Fir mech ass Formel 1 Ferrari, a Ferrari Formel 1. Mir hoffen dass mir elo dass si mat hirem neie Modell F 1 75, fir 75 Joer, a mat deär Ekipp déi si elo hunn mam Carlo Sainz a Charles Leclerq och elo kennen e Succès feieren. 

Ferrari aktuell, an Zäite vun Transitioun eriwwer an d’Elektro Mobilitéit? 

Di europäesch Direktiive wäerten dozou bäidroen dass och Ferrari net vill Choix huet an déi Richtung ze goen. Wat ech elo awer weess dass de Mythos Ferrari, wann si an d'E-Mobilitéit sollte goen, ass anscheinend versprach ginn dass de Sound an de Feeling nach ëmmer dee selwechte bleift wéi beim Verbrennungsmotor.

2022 solle vun der „Scuderia Ferrari“ ganz vill Eventer organiséiert gi fir den Anniversaire. Mee, Pandemie, dir wësst schonn, an esou ass e nach virsiichteg mat der Kommunikatioun vun Datumer. Och bei eis zu Lëtzebuerg?

Et wäert elo esou sinn dass mir eng Sortie am Juni hunn. Modena, Maranello, Emilia Romagana wou dee ganze Mythos Ferrari ass. Mee mir hunn awer och den 11. September e Rallye hei zu Lëtzebuerg, an dee maache mir zesumme mam Scuderia Ferrari Club.

RTL

 

An um Volant vum Ferrari Roma sollte mir dann och d’Geleeënheet kréien d’Faszinatioun Ferrari ze erliewen. Ech soe just “bella macchina”, a grazie.

75 Joer Ferrari, tanti auguri, a prost op di nächst 75

RTL
RTL
RTL
RTL

Impressiounen déi ginn et bei eis, op www.auto.rtl.lu