Wat Elektroautoe betrëfft, ass Renault ee vun de Pionéier, schliisslech kuckt déi franséisch Mark op schonn 10 Joer Erfahrung an iwwer 400.000 gebauten Autoen zeréck. Nom Bestseller Zoé ass et dofir elo Zäit, an der Kompaktklass ze starten, an zwar mam neie Mégane E-Tech Electric. De Paul Origer war fir eis bei der Presentatioun zu Malaga dobäi.

10/03/2022 AUTOMAG Renault Mégane E-Tech Electric (16h15)

Mam aktuelle Mégane huet d’Elektroversioun am Fong näischt ze dinn; et ass nämlech alles nei um E-Tech Electric, virun allem déi nei Plattform CMF-EV déi sech Renault mat Nissan deelt an op déier och den Nissan Aryia opbaut.

Den Design
4m20 laang an 1m50 héich; de Mégane E-Tech Electric ass ee klassesche Kompakten - 15 cm méi kuerz a just liicht méi héich wéi den normale Mégane. Déi immens grouss dimensionéiert Rieder esou wéi déi héich Taille loossen en allerdéngs e bëssen SUV-like optrieden, zemools déi bulleg Nues an den Hënneschten mat engem liichten RangeRover Evoque-Touch verstäerken deen Androck. Alles an allem ass den Designer awer e ganz gefällegen Auto gelong, zu sengem Virdeel verzicht de Mégane op grousse Chichi an Experimenter.

Den Intérieur
Hei ass wuelfillen ugesot; an eiser Versioun ware ganz komfortabel Sëtzer mat Stoff verbaut, dee selwechten spaant sech och iwwert de flott gemaachten Tableau. Natierlech kënnt och de Mégane E-Tech Electric net laanscht déi obligatoresch Bildschiermer, allerdéngs sinn déi zwee 12 Zoll-Displays perfekt an den Tableau integréiert an, esou wéi fréier bei BMW, op de Chauffer konzentréiert. Och d’Bedéngen ass iwwersiichtlech gemaach; wichteg Funktioune fënnt een nach ëmmer als klassesche Knäppchen an ouni sech mussen ze verrenken. Just d’Steierrad ass mat Hiewelen a Knäppercher liicht iwwerlueden, eng gutt Initiative ass awer den Automatik-Wielhiewel à la Mercedes. Bei der Veraarbechtung brauch sech de Mégane net ze verstoppen; bis op de haarde Plastik am ënneschte Beräich fillt sech alles gutt un, flott Detailer wéi Baguetten mat Ambiencebeliichtung am feine Metall-Look maachen e gudden Androck.

De Confort
Renault war nach ëmmer bekannt fir bequeem Sëtzer an do ass et beim Mégane E-Tech Electric net anescht. Allerdéngs stéisst d’Plazoffer un hir Grenzen; Chauffeur a Passagéier fille sech nach wuel, an der zweeter Rei gëtt et trotz laangem Radstand awer knapp fir d’Been. Leider léisst och den héighe Buedem ënnert de Sëtzer wéineg Plaz fir d’Féiss an déi sportlech Daachsilhouette erfuedert e bëssen Akrobatik beim Eraklammen. Als Trouscht si 440 Liter Mall awer an der Rei.  

Op der Strooss
D’Confortkapitel setzt sech definitiv och op der Strooss fort. Am Mégane E-Tech Electric mécht näischt Kaméidi; als éischt schonn emol de Motor, zum Gléck och net kënschtlech, awer och Wand oder Fuerwierk halen sech extremst zeréck. Eng opwänneg Isolatioun vum Ënnerbuedem an déi gutt Aerodynamik hu sech also gelount. Och d’Fiederung mécht dem Numm Renault all Éier; esouguer mat 20-Zoll-Rieder rullt den Elektro-Mégane propper of an erspuert dem Chauffer vill Sënne vum Stroossebau. Wat awer net heescht dat een am E-Tech Electric kee Fuerspaass erliewe kann – au contraire! Maximal 220 PS treffen op vergläichsweis niddereg 1700 Kilo; zesumme mam nidderege Schwéierpunkt an enger sportlech ofgestëmmter Steierung geet et richteg gutt virun. Just d’Eco-Pneuen an d’Traktioun koumen an de Kéieren zu Marbella un hir Limitten. A Grenze blouf awer och de Verbrauch; tëscht 15 a 17 kW-Stonne sinn e gudde Wäert, ob déi versprache 450 km Autonomie méiglech sinn, dat versprécht ee spéideren Test.  

D’Präisser
Zwou Motorisatiounen an zwou Batterien ginn ugebueden; 130 an 220 PS esouwéi 40 a 60 kW-Stonnen; tëscht 34.000 a 46.000 situéiert sech domat den neie Mégane E-Tech Electric. Verglach mat der Konkurrenz eng duerchaus interessant Alternativ.