Chic Chic, esou kann een den Automag vun haut iwwerschreiwen. Et geet op Malaga, an de Museo Automovilistico y de la Moda. Chic Karossen a chic Kleeder. Béides aussergewéinlech a net ze knaps.

De Christian Schmit war do an Andalusien op Besuch. 

21/04/2022 Automag Museo Automovilistico y de la Moda (MAT USO)

Net weit vum Hafen zu Malaga, am historesche Gemaier vun enger fréierer Tubak Fabrick aus dem Joer 1927, do kann een di net alldeeglech Symbios tëscht Auto Klassiker an Haute couture bewonneren.

RTL

Des privat Kollektioun gehéiert dem portugisesche Geschäftsmann Joao Manuel Magalhaes an ass an 10 Themeberäicher opgedeelt.

 

Vun der Belle Epoque, den 20er Joren, Art Déco, Designer an Dream cars, awer och Dolce Vita Modeller, Excentric, British Tradition, Tuning an alternativ Energiequellen als Undriff.

D'Ästhetik vum Automobil an d'Evolutioun stinn hei am Mëttelpunkt. E Musée souwuel fir d'Madamm a fir de Monsieur, a wou wierklech kee sech langweilt. Eemoleg op der Welt, esou verréit mir d'Madamm vun der Kommunikatioun ganz houfreg?

An di Madamm sollt Recht behalen. Op 7000m2 kann een elo méi wéi 120 rar Klassiker bewonneren, an och exklusiv Accessoiren a Vintage Moud aus verschiddenen Automobil Epochen. E ganz representativen Iwwerbléck a vill Geschicht a Geschichten iwwer di eenzel grouss Marke wéi Bugatti, Rolls Royce, Bentley, Jaguar, Mercedes a Ferrari ginn et och. Awer och vergiesse Marke ginn hei an d'Szeen gesat mat Modeller vun Delage, Studebaker, Packhard, Auburn oder Hispano Suiza. An de Visiteur kritt via Audio Guide och Anekdote verzielt wou een di eenzel Oldtimer dann esou fonnt huet, oder wéi eng illuster Perséinlechkeeten domat ënnerwee waren. 

 

RTL
RTL
RTL

An ëmmer nees dotescht dann déi passend Garderobe a Konscht aus där Zäit. Oder Konschtwierker déi aus Autosdeeler kreéiert goufen. An "The automobile as a work of art" dominéiert hei zu Malaga am Museo Automovilistico souwisou.

Vum Automobil, dem Symbol vum 20. Joerhonnert , ware schonn ëmmer Aristokraten an Artiste begeeschtert, an Leit op der ganzer Welt hunn hir Designer Talenter ënner Beweis gestallt.  Onofhängegkeet, wirtschaftlechen Opschwonk, jo och sozial a kulturel Entwécklunge mat sech bruecht, esou de Propriétaire a Kollektioneur Joao Manuel Magalhaes.

A weider mengt hien :"Vun deene 4000 Marken déi bis dato erauskomm sinn, hunn der et nëmmen e Grapp voll gepaakt ze iwwerliewen. An dat wëll d'Automobilindustrie esou eppes wéi e Pokerspill ass. E gudde Moteur an e schéine Chassis geet net duer. De ganz entscheedene Faktor wier Image.

RTL
RTL
RTL

 

Vun all deem kann e sech hei iwwerzeegen op enger Zäitrees duerch d'Mobilitéit an d'Moud. Mol klassesch, extravagant, mol stylish, oder avantgardistesch, 

E weess ze gefalen, an zitt och net fir näischt zënter 2010 Dausende Visiteuren un. De Museo Automovilistico y de la Moda zu Malaga.

RTL
RTL
21/04/2022 Automag Museo Automovilistico y de la Moda (MAT USO)

Ganz vill Fotoen vun der Plaz déi kenne mir eis dann op www.auto.rtl.lu ukucken. Chic chic, ech mengen dat trefft et zimmlech gutt.