Wéi vill aner Constructeure setzt och Nissan an Zukunft just nach op elektresch ugedriwwe Modeller. Wat do op eis duerkënnt a wéi de japanesche Produzent den Iwwergang vum Verbrenner zum Elektro-Undriff packe wëll, weess den Akim Schmit aus der Automag-Ekipp.

28/03/2022 AUTOMAG Nissan Electrified

Ënnert dem Numm “Nissan electrified” huet de japanesche Constructeur en Ausbléck op dat ginn, wat eis an den nächste Joren erwaart. Vum nächste Joer un, wäert Nissan an Europa nëmmen nach voll- oder opt mannst deel-elektresch ugedriwwe Modeller lancéieren. Bis 2026 sollen 75 Prozent vun de verkaaften Autoen en elektrifizéierten Undriff ënnert dem Capot hunn. Investitiounen an eng nei Generatioun vu Verbrenner-Motoren déi d’Euro-7 Ofgas-Norm erfëllen géife sech net lounen heescht et vun offizieller Säit.

Den Nissan Ariya

Nissan huet sech deemno héich Ambitioune gesat. Lass geet et mat 6 Modeller, déi an den nächste Méint hire Wee an de Showroom fannen an déi d’Automobil-Press virun e puer Deeg eng éischte Kéier op engem ofgespaarte Circuit probéieren dierft. Am längsten erwaarten Neierung ass definitiv den Nissan Ariya, deen eng éischte Kéier 2019 als Concept-Car op der Tokyo Motor Show ze gesi war. No der Weltpremière vun der Serie-Versioun am Juli 2020 ass et roueg ëm den Ariya ginn: d’Pandemie an hir Auswierkungen op d’Liwwerketten, den Chip-Mangel an eng Ëmstrukturéierung bei Nissan selwer hunn den Zäitplang duerchernee gehäit. Dëse Summer soll den neie vollelektresche Crossover op der nei entwéckelter CMF-EV Plattform starten.

Mat sengen 4,60 Meter an der Längt gehéiert den Ariya zur Mëttelklass. Bannendran bitt en dogéint Plaazverhältnisser wéi eng Klass driwwer, an och d’Mall ass mat hiren 468 Liter net kleng. Nieft dem extravaganten Karosserie-Design ass den Intérieur en Highlight fir sech: de Cockpit ass minimalistesch gehalen, zwee grouss Ecran’en zéien d’Blécker op sech a klassesch Knäppercher maache sech rar: d’Klimaanlag gëtt iwwer bal onsiichtbar Tasten an der Instrumententafel gesteiert. Et dierf ee gespaant sinn, ob d’Konzept am Alldag iwwerzeege kann. Beim Undriff start den Ariya mat 218 PS Leeschtung an enger 63 kWh grousser Batterie.

RTL

"E-4ORCE" Allrad-Undriff

Donieft gëtt et och eng Versioun mat enger méi grousser 87 kWh Batterie an Allrad-Undriff. “E-4ORCE” heescht de System, bei deem allkéiers een Elektromotor un der viischter an der hënneschter Achs sëtzen. D’Leeschtung läit domat bei 280 Päerd, respektiv 394 Päerd am Topmodell. Eng éischt Ronn dierfte mer mat der Basis-Versioun dréien, där hir Fuerleeschtungen am Alldag méi wéi duergoen dierften. Mat 300 Nm Dréihmoment aus dem Stand kënnt de Crossover gutt vum Fleck, d’Geräischisoléierung ass op héijem Niveau an de Confort u Bord huet bei eisem Kenneléieren ze iwwerzeege gewosst. Trotz senger Gréisst ass den Ariya handlech an iwwerraschend direkt ze fueren. D’Reechwäit vun der Basisversioun gëtt Nissan mat 403 Kilometer un, geluede gëtt mat maximal 130 kW wann d’Borne et hiergëtt. Dass et net méi séier geet wier e bewosste Choix fir d’Batterie ze schounen, esou Nissan. Präisser fir Lëtzebuerg stinn nach keng fest, an den USA geet et bei ëmgerechent 52.000 Euro lass.

"E-Power" Qashqai

Nieft dem Ariya steet och en Update vum Qashqai an de Startlächer deen als E-Power Versioun op de Marché kënnt. Dobäi produzéiert e 1,5 Liter Verbrenner-Motor de Stroum fir en 140 kW (190 PS) staarken Elektromotor. D’Iwwergangstechnik soll d’Angscht virun der ze klenger Reechwäit huelen a gläichzäiteg d’Virdeeler vun der Elektromobilitéit erliefbar maachen. De Verbrauch gëtt Nissan mat 5,3 Liter Bensinn op 100 Kilometer un. An eisem kuerzen Test huet den Undriff e gudden Androck gemaach, kënnt awer net un déi sportlech Qualitéiten vun engem rengen Elektroauto wéi dem Ariya erun.

Hybrid Juke

Eng weider Nouveautéit bei Nissan ass den Juke, deen am Summer als Hybrid-Versioun op de Marché kënnt. D’Kombinatioun aus Véierzylinder-Bensinner an Elektromotor bréngt et op 145 PS Systemleeschtung, de Verbrauch soll bei 5,2 Liter/100 Kilometer leien. Nach dierfte mer de Virseriemodell net fueren. Deemno bleiwen den Juke, Qashqai e-Power an Ariya eng affaire à suivre.