Et ass just ee Buschtaf, mee dee mécht de groussen Ennerscheed. Bei Hyundai steet den N net nëmme fir d’Heemecht Namyang, mee och fir den Nürburgring wou déi sportlech Varianten ofgestëmmt ginn. Ob dat beim neie Kona N gelongen ass an ob en d’Blutt vun engem Petrolhead un d’Kache bréng kann, dat seet eis de Paul Origer no sengem Test.

07/04/2022 AUTOMAG Hyundai Kona N

Et gëtt se nach – Mënschen déi sech en Auto kafen fir nët nëmme vun A op B ze fueren, mee fir dobäi och nach Spaass ze hunn. Kloer generéiere modern Elektrogefierer Leeschtungen, déi soss just een décke V8 oder ee groussen Turbo fäerdegbruecht hunn. Mee dat aleng geet awer net duer; d’Faszinatioun, de Sound an d’Technik vun engem Verbrennermotor, dat ganzt passend gekoppelt mat Fuerwierk a Steierung, déi dierf am N-Rayon vu Hyundai nach viruliewen!

Den Design

Et ass schonn e bësse paradox; engersäits muss et een SUV sinn fir héich ze sëtzen, anerersäits gëtt en nees déifgeluecht fir besser op der Strooss ze leien. Op de Kona engem gefält ass natierlech affaire de goût; Hyundai huet en awer mat dem typeschen N-Ornat wéi Spoiler, grousse Felgen, roude Sträifen an aarmdécken Auspiffréier gewierzt. Bannendra bleift de Kona N méi diskret; d’Sportsëtzer falen nach am meeschten op, eventuell nach déi kleng Plackett mat der Nummer – nëmmen 120 gi pro Joer fir de Belux-Marché gebaut, soss dominéiert leider vill haarden a schwaarze Plastik. Zum Gléck tréischten déi flott gemaachten digital Instrumenter, dat grëffegt Steierrad an e Koup elektronesch Gimmicks iwwert déi monochrom Tristesse ewech.

Den Undriff

Wat fir eng Freed fir mol nees vun Zylinder a richtege PS ze schwätzen; 4 Kolbe mat am ganzen 2 Liter ginn am Kona N op an of, den Turbo suergt fir 280 PS an 392 Nm – de Motor kënnt vum populäre Brudder i30N, genee wéi och déi elo nei DCT-Boîte. An déi Kombi passt gutt; den immens dréifreedege a feierege Bensinner suergt quasi ouni Turbolach dofir dat et virugeet, déi nei 8-Gang-Boîte mat Duebelkupplung gehait dozou mat Schmackes ëmmer dee richtege Gang an, an dat erstaunlechlecherweis esougutt wéi ëmmer am richtege Moment.

Op der Strooss

Am Kona ass de Chauffer de Chef; alles, Motor, Boîte, Sound, Fiederung a Steierung léisst sech nämlech am Infotainment upassen an iwwert déi schéi blo N-Knäppercher um Steier ofruffen. Fir den Tour an d’Eislek gouf awer mam N-Modus de volle Programm aktivéiert. An esou huet den Hot SUV sech richteg wuelgefillt; säi Revéier sinn nämlech schaarf Kéieren. De Kona N läit extrem gutt, krut fir minimal Karosserie-Beweegungen de leschte Fiederwee ausgedriwwen a vermëttelt mat senger Steierung beschte Stroossekontakt. Dozou passen och d’Sportsetzer, déi ee gutt halen, d’Boîte déi op all Paddeluerder blëtzséier reagéiert an den Turbobensinner, dee mat richteg flottem Sound dem roude Beräich entgéingt jubiléiert. Esouguer kleng Driftmomenter mat Sécherheetsreserve huet den ESC zougelooss. E klenge “Mee” gëtt et awer och an dee muss d’Traktioun sech gefale loossen; dréckt een op dee rouden NGS-Knäppchen um Steier, da gëtt déi maximal Leeschtung vun 280 PS op déi viischt Rieder lassgelooss. An déi hunn trotz Spärdifferenzial an 19-Zoll-Walze genuch Aarbecht, de Kona an der Riicht ze halen. Wat sech awer iergendwéi widdersprécht; dat ass ëmmer erëm déi héich Sëtzpositioun: wa Sportsmaschinn, da w.e.g. méi no um Macadam, am Kona N huet dem Popometer awer iergendwéi eng Äerdung gefeelt.

D’Präisser

Eppes iwwer 39.000 Euro si fir esouvill Fuerspaass, Ingenieur-Knowhow an Equipementer net zevill, am Verglach mam i30 ass de Kona esouguer knapp 2000 Euro méi gënschteg. Just a punkto Bensinn kéint et méi deier ginn, ënner 10 Liter leeft beim Kona N net ganz vill.