Kaum eng Mark déi net op mannst schonn 1 Modell an der Gamme huet dee reng elektresch ugedriwwe gëtt. Elo och di japanesch Mark Subaru.

Déi haten invitéiert fir der Press hir neiste Kreatioun ze presentéieren, an de Christian Schmit war mat dobäi.

02/05/2022 Automag Subaru Solterra (MAT USO)

An dat um Testing Center Aldenhoven bei Oochen.

Hei kommen eng ganz Partie Marken hin fir d’Entwécklung vun zukünftege Modeller ofzestëmmen.

Esou och Subaru fir eis den Solterra ze presentéieren.

Subaru bréngt e jo gläich mat gudden Eegenschaften am Offroad Beräich a Relatioun. Et geet also elo elektresch iwwer Feldweeër a fir de Fieschter an de Bësch?

RTL

En effet c'est un vrai Subaru car les gens peuvent aller partout avec nos voitures.

Mengt de Luc Gyzels, de Pressespriecher. D’Iddi vum Elektro Auto bei Subaru ass och net nei. Schonn 2003, mir erënneren eis, op internationalen Auto Salonen an deem butzegen E-Subaru Plaz geholl ze hunn.

Mee viru bal 20 Joer war de Marché nach net prett fir eng Elektro Offensiv.

Erstaunlech vu Subaru dass si déi d’Fro gläich vir ewech huelen, „is the Solterra just e rebadged bZ4x“, also just e Pendant vum Toyota?

Cela reste une Toyota mais aussi une Subaru. Parce qu'on a partagé beaucoup de choses. Donc c'est une combinaison et le meilleur des deux mondes.

Voilà domat ass dat emol gekläert. Och de neie Solterra, steet fir Sol= Sonn an Terra = Äerd, huet Subaru Design Elementer a senger DNA. Den CW Wäert leit bei 0.28. Nett onwichteg, grad beim Elektro Auto, well eng Top Aerodynamik bréngt der Autonomie eppes.


RTL

De 4m 70 grousse Solterra, am typesche SUV Cross Over Design, steet dann och op der E-TNGA Plattform. Steet fir Electric Toyota New Global Architecture.

Vill Plaz, dank 2m 85 Rad Stand, vill Ekipement, an eng top Veraarbechtung sinn eis positiv opgefall. Och wann et nach Pré-Serie Modeller waren.

Dowéinst konnte mir och just um Areal vum Test Center fueren.

RTL

Op der Fiche technique stinn op all Achs 80kw Elektro Power mat enger maximal Leeschtung vun 218 PS An der Batterie stiechen 71 kw, an do sollen dann och reel 400km Autonomie dra sinn. Konnte mir natierlech op deene puer Ronnen zu Aldenhoven net vérifiéieren.

Un der Borne oder Stéckdous ka mat tëscht 6,6 bis 150kw gelueden ginn, an duerch d’Bremskraaft recuperéiert ginn.

Mat den Assistenz Systemer „Star Drive“, „X-Mode“ a „Grip Control“ bleift de Solterra ëmmer an der Spuer.

21 Zentimeter Buedemfräiheet erlaben dann och schonn emol deen oder anere Feldwee ouni Schrummen an Téitschen.

D’Batterië leie beim Subaru Solterra mat senge bal 2 Tonne Gewiicht zentral. Esou geet keng Plaz an der Mall verluer a bitt op mannst 450 Liter.

Am Interieur gëtt sech de Subaru ganz modern mat groussem 12,3 Zoll Ecran. Connectivitéit an Infotainment sinn och um neiste Stand.

Bal 20 Joer nom klenge Subaru R1 Elektro soll dëse Summer de Solterra beim Händler stoen.

Genee Präisser goufen nach net genannt, mee mat ëm di 55 000 Euro misst e scho rechne fir den éischten Allrad Subaru mat Elektro Power. Gutt dass di staatlech Primme verlängert goufen...