D’Elektrifizéierung an der Automobilbranche geet monter virun an och Lexus huet dann elo den éischte Plug-In Hybrid erausbruecht. Wéi kéint et anescht sinn... et ass natierlech een SUV. Den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun huet sech den NX 450h+ méi genee ugekuckt.

04/04/2022 Automag - Lexus NX450h+

Fir genee ze sinn, beweege mer eis an der Kategorie vun SUV, wou och BMX X3, Mercedes GLC oder Audi Q5 ënnerwee sinn. No 5 Joer krut den NX an der 2ter Generatioun en Update, deen et nawell a sech huet. 95% vun de verbaute Stécker goufen iwwerschafft an awer wierkt et éischter wéi e Facelift, wat net negativ gemengt ass.  
 
Den Design
Wat bliwwen ass, ass de markante Kühlergrill, deen an där Form definitiv zum Markenzeeche ginn ass. Nei ass awer de Look vun de Luuchten, mat engem integréierten Tagfahrlicht a Feil-Optik. Den neien NX ass dann och gewuess... 20mm méi laang a méi breet, grad ewéi 5mm méi héich wéi de Virgänger. Déi hënnescht Luuchte verlafen elo queesch iwwert déi ganz breet vum Auto. Den Auto wierkt muskuléis an zugläich awer och edel an elegant. Et ass schwéier en just enger Kategorie vu “Look” zouzeschreiwen. Ech sinn op alle Fall kengem begéint, deen eng negativ Ausso iwwert d’Baussekleed gemaach hätt.  

De Banneraum
Nei ass hei zum Beispill den iwwerschafften Infotainment-System, mat engem 9,8 Zoll Ecran, oder optional och mat engem 14 Zoll Display. D’Manipulatioun ass zimlech intuitiv a logesch opgebaut. Den Navi war heiansdo e bësse lues, wann een eppes wollt aginn. Aner Kéiere war en awer ganz flénk... eng Erklärung dofir hunn ech net.  

D’verbaute Materialien am Auto gehéieren definitiv an d’Kategorie “Premium”. Alles wat een upeekt, fillt sech gut un. Et kraacht a quitscht néierens an et definitiv eng Wuelfill-Ambiance, wann een an deem Auto sëtzt. Speziell ass de Mechanismus, fir d’Dier vu bannen opzeman, et ass nämlech en elektreschen Taster, deen awer och als Hiewel benotzt ka ginn... dee muss een dann allerdéngs 2 mol zéien, fir dass d’Dier opgeet. Speziell... ma wann een dat mam Taster bis kapéiert huet, ass et nawell praktesch.  

Op der Strooss
Hei hat ech Ufanks liicht Problemer an d’Wuelfill-Ambiance gouf dann dach déi eng oder aner Kéier duerch en extrem ugestrengt héichdréinende Motor gestéiert. Verbaut ass eng Stufelos CVT-Automatik... a wann een emol méi abrupt beschleunegt, oder z.B. an engem Biergop-Stéck op der Autobunn vun 90 op 120 acceléiere wëll, dann ass et definitif eriwwer mat der Rou am Auto. Ech sinn éiweg keng sou eng Boite méi gefuer an et huet eng Zäitche gedauert, bis ech mech dru gewinnt hat a mäi Fuerstil ugepasst hunn. Beim cruise funktionéiert dat allerdéngs tiptop...

Undriff Am NX 450h+ ass en 2,5 Liter 4-Zylinder mat 185 PS verbaut. Dobäi kënnt dann nach den Elektroundriff mat 182 PS un der viischter Achs an nach emol 54 PS un der hënneschter Achs, woumat een op eng Systemleeschtung vun 309 PS kënnt. Déi mussen da ronn 2 Tonne Gewiicht beweegen, wat awer gutt geléngt. Den Hybrid-System funktionéiert impeccabel an et mierkt een net onbedéngt, ob ee grad elektresch oder awer mam Verbrenner ënnerwee ass. D’Batterie huet eng Kapazitéit vun 18,1 kwh a ka mat 6,6kw geluede ginn. Ronn 65 km ware reng elektresch méiglech. Ech war um Enn 680km mam NX gefuer an hat en Duerchschnëttsverbrauch vu 4,8 Liter op 100km. 

Präisser
Den NX450h+ kritt ee 66.240 Euro un. Eise Modell an der F-Sport Line start bei 72.240 Euro, woubäi do dann awer scho quasi alles mat dran ass, wat ee sech wënsche kann.