Eis Automag-Ekipp beschäftegt sech an der Lescht haaptsächlech mat SUV’en an der Elektromobilitéit. Haut steet awer keen SUV, mee eng Elektro-Limousine am Mëttelpunkt, an zwar déi éischt vu BMW. Den Akim Schmit mat den Detailer zum neie BMW i4 M50.

11/04/2022 AUTOMAG BMW i4

Et muss ee scho ganz genee hikucken fir erauszefannen dass mam BMW i4 en Elektroauto virun engem steet. Am Géigesaz zu aneren Hiersteller, déi op en extravaganten Design setzen, bleift BMW senger Design-Linn trei. An dat ass mat Sécherheet kee Feeler. Un déi nei Design-Sprooch hu mer eis an Tëschenzäit gewinnt, an esou kënnt den i4 erfreelech onspektakulär dohier an orientéiert sech um 4er Gran Coupé: eng laang Front, eng flaach Coupé-Silhouette an e kuerzen Hënneschten deen mat sengem ugedeite Spoiler, Carbon-Applikatiounen an engem markanten Diffuser déi sportlech Qualitéiten vum i4 ënnersträicht. Dësen i4 dréit den „M“ net fir näischt am Numm.
 

RTL

© Akim Schmit

Den Intérieur
 
Bannendran gëtt et wéineg Iwwerraschungen. De Cockpit entsprécht dem aktuellen Design a kënnt an dëser Form och am Elektro-SUV iX3 zum Asaz. Konventionell a wéineg futuristesch, allerdéngs stëmmt doduerch och d’Ergonomie: d’Knäppercher sinn do wou ee se sicht an och d’iDrive-Commanden hunn de Sprong eriwwer  an d’Welt vun der Elektromobilitéit gepackt. D’Rad muss deemno net ëmmer nei erfonnt ginn.
 
Wéi et sech fir en M-Modell gehéiert, ass och den Intérieur sportlech gehalen. D’Steierrad ass déck gepolstert a läit gutt an der Hand an d’Sportsëtzer bidden excellente Säitenhalt wann ee mol méi schëtzeg ënnerwee ass. Dofir ass an der éischter Rei déi bescht Plaz. Op der Réckbänk gëtt d’Loft iwwert dem Kapp séier dënn. Déi sportlech Coupé-Linn an den Akku am Ënnerbuedem kaschte Plaz an den däischteren Intérieur vun eisem Testauto ënnersträichen dësen Androck nach.
 
Den Undriff
 
Zäit fir e Bléck op d’Dateblaat ze geheien: zwou Motorisatiounen huet BMW beim i4 am Programm. Lass geet et als eDrive40, hannegedriwwen an 340 Päerd staark. Mat der Topversioun M50 déi mer an eisem Test haten dierft een dann am Auto-Quartett gutt Kaarten hunn: 544 Päerd, 795 Nm Dréimoment, Allradundriff an 3,9 Sekonnen aus dem Stand op Tempo 100. Do mécht et och näischt, dass den Auto bei 225 km/h ofgerigelt ass. Déi Fuerleeschtungen sinn allerdéngs éischter „nice to have“. A mengem Test hu sech e breet Grinsen an d’Suergen ëm mäi Führerschäin permanent ofgewiesselt.
 
Op der Strooss
 
2,3 Tonnen wëlle mam i4 beweegt ginn. Wien awer elo mengt, d’Gewiicht géif op Käschte vun der Dynamik goen, deen iert sech. D’M-Fuerwierk, déi direkt Steierung, d’Leeschtung déi just drop lauert vun der Léngt gelooss ze ginn, den Allrad-Undriff, den déiwe Schwéierpunkt an eng Brems déi trotz Energie-Recuperatioun fein ze doséieren ass suergen ënnert dem Stréch fir dat typescht BMW Fuergefill. Gutt gefall huet mer doriwwer eraus de Sound-Design vun deem sech d’Konkurrenz nach eppes ofkucke kann.
 
Den i4 kann awer och ganz gemittlech an ouni vill Gedauschs beweegt ginn wat och der Reechwäit entgéint kënnt. 81,5 kWh notzbar Energie späichert d’Batterie am Ënnerbuedem. An der Theorie kënnt eisen Testauto domat 521 Kilometer wäit (WLTP). Am Schnëtt huet de Bordcomputer mer e Verbrauch vun 18,5 kWh op 100 Kilometer ugewisen wat deem entsprécht, wat BMW virgerechent huet (22,5 bis 18 kWh). An der Praxis kënnt ee ronn 400 Kilometer wäit ier den nächste Stopp fir ze lueden néideg ass. Wann d’Borne et hiergëtt ka mat bis zu 205 kW geluede ginn. Ënner optimale Konditiounen ass d’Batterie no 31 Minutten vun 10 op 80 Prozent gelueden. Doheem un der Wallbox (11 kW) dauert den Exercice ronn 8 Stonnen (0-100%).
 
De Präis
 
Wien den Automag reegelméisseg lauschtert weess dass mer eis mat Kritik net zeréck halen. Beim i4 hunn ech mech allerdéngs schwéier gedoen eppes ze fannen wat mir net gefält. Bis ech an d’Präislëscht gekuckt hunn. Fir eise gutt equipéierten Testauto an der Topversioun M50 gi ronn 92.000 Euro fälleg.

+ Fuergefill

+ Veraarbechtung

+ Infotainment

- Wéineg Plaz op der Réckbänk

- Präis